Monument aux morts Ueweraanwen

Monument fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.

D'Monuments aux morts, dat um Lieu-dit "Am Sand" zu Ueweraanwen an der Gemeng Nidderaanwen steet, erënnert un d'Affer vum Zweete Weltkrich.

Monument aux morts Ueweraanwen
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Plaz Ueweraanwen
Koordinaten 49°39'12,64"N, 6°14'42,00"O
Ageweit 9. Oktober 1995
Kënschtler Raymond Petit (Sculpteur)

Den Entworf vum Monument huet de lëtzebuergesche Sculpteur Raymond Petit ausgeschafft, deen en als Don un d'Gemeng Nidderaanwen ginn huet. D'Marbrerie Boost vun Nidderaanwen huet d'Monument realiséiert.

Um Monument aus rosa Granit steet uewe lénks den Text:

EISE VERSTUERWENE
FIR D'HEMECHT
1940-1945

D'Aweiung vum Monument war den 9. Oktober 1995 am Kader vun der Journée de la commémoration nationale.

Kuckt och änneren

Literatur änneren