D'Montes Taurus ass eng rau Biergketten um Äerdmound.

D'Montes Taurus leien am Oste vum Mare Serenitatis

D'Bierger leien op engem Héichplateau am Oste vum Mare Serenitatis op de selenographesche Koordinaten 28,4° N an 41,1° E. D'Biergketten huet en Duerchmiesser vun 172 km; e puer Spëtzten erreechen eng Héicht vun 3.000 m.

An de Bierger ass eng Rei vu Krateren agebett. Am Südweste vum Biergzuch läit de Römer-, am Nordosten den Newcomb-Krater.

Hei waren d'Luna 21 an Apollo 17 gelant.

Och e puer Satellittekrater leien an de Montes Taurus. Den däitschen Astronom Johannes Hevelius hat dem Biergzuch den Numm Taurus-Bierger, deen ierdesche läit an der Süd-Tierkei, ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie