De Montafon ass en 39 km laangen Dall am Vorarlberg (Éisträich), dee vu Bludenz aus fortgeet a vun der Ill bewässert gëtt. Am Norde gëtt den Dall vun der Verwallgrupp an am Süde vum Rätikon an der Silvretta begrenzt. Den héchste Bierg an der Géigend ass de Piz Buin (3.312 m) an der Silvretta.

Kierch zu Partenen

Uertschaften änneren

Am Dall gëtt et 13 Uertschaften, a si heesche vu Bludenz aus gesinn der Rei no: Stallehr, Lorüns, Sankt Anton im Montafon (650 m), Vandans (660m), Bartholomäberg (1.100 m), Schruns (700 m), Tschagguns (700 m), Silbertal (890 m), Sankt Gallenkirch (900 m), Gargellen (1.430 m), Gortipohl (950 m), Gaschurn (1.000 m) a Partenen (1.050 m).

Verkéier änneren

D'Silvretta Hochalpenstraße L188 verbënnt de Montafon mat dem Paznaun am Bundesland Tiroul. D'Montafonerbunn geet vu Bludenz op Schruns.

Um Spaweck änneren

 
Duerf am Montafon
Commons: Montafon – Biller, Videoen oder Audiodateien