Eng Monstranz (vu lat. mostrare - "weisen") ass e konschthandwierkleche Géigestand an deem eng konsekréiert Hostie kann ausgestallt ginn. Dës gëtt mat Hëllef vun enger Halterung (Lunula) gehalen a senkrecht an déi gliese Kummer vun der Monstranz gestallt.

Monstranz

Jee no Form ënnerscheet een:

  • Stralemonstranze: vun der Hostie an der Mëtt gi Strale wéi bei der Sonn aus,
  • Tuermmonstranzen: d'Hostie steet an engem Montage deen un eng gotesch Kathedral erënnert.

Ostensorium gëtt heiansdo synonym zu Monstranz gebraucht, mä a Wierklechkeet handelt et sech ëm eng kleng Form vu Monstranz, déi sech op en dekorative Bord ronderëm d'Hostie reduzéiert an och kaum e Stack huet. Den Iwwergank tëscht Monstranz an Ostensorium ass natierlech fléissend.

An der kathoulescher Kierch gëtt d'Monstranz gebraucht fir d'Sakrament auszestellen an unzebieden a bei Pressessiounen, virun allem op Erläichendag, zu Lëtzebuerg awer och bei der Schlusspressessioun vun der Muttergottesoktav.

Et gëtt och Monstranze fir Reliquien.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Monstranzen – Biller, Videoen oder Audiodateien