Monogramm

Initiale vun engem Numm

E Monogramm sinn d'Initiale vun engem Numm, déi op eng kënschtleresch Aart a Weis anenee verwieft sinn. Dat kënnen d'Initiale vun engem sengem Numm a Virnumm sinn, awer och vun zwou Persounen, deenen hir Verbonnenheet duerch de Monogramm symboliséiert soll ginn, asw.

Brodéierte Monogramm op enger Zerwéit

Monogrammer fënnt een z. B. op Chevalièren oder Medaillonen, op Bréifpabeier oder soss Objeten, deenen hir Verbindung mat der Persoun, där hire Monogramm et ass, ervirgestach soll ginn.

Sou fënnt een z. B. op villen historesche Bauwierker de Monogramm vum Herrscher, ënner deem se gebaut goufen.

Zu Lëtzebuerg ass de Monogramm vum Groussherzog op den Uniforme vun Arméi a Police ze fannen.

Um Spaweck änneren

Commons: Monogramm – Biller, Videoen oder Audiodateien