Moldawesch
limba moldovenească
Gëtt geschwat an: Ukrain, Rumänien
Regioun: Europa
Gëtt geschwat vun: ronn 2,5 Milliounen a Moldawien
Klassement: ?
Klassifikatioun no Famill: Indogermanesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Transnistrien
Reglementéiert vun: Wëssenschaftsakademie vu Moldawien (fir dat Rumänescht)
Sproochcoden
ISO 639-1 mo
ISO 639-2 mo1
ISO 639-3 {{{iso3}}}

Moldawesch (Laténgescht Alphabet: limba moldovenească, Kyrillescht Alphabet: лимба молдовеняскэ)ass eng standardiséiert Varietéit vun der rumänescher Sprooch,[1] déi wärend der Sowjetunioun a vun 1994 bis 2013 als offiziell Sprooch vun der Republik Moldawien festgeluecht war.[2] Zanterdeems ass Rumänesch déi offiziell Sprooch vu Moldawien.[3]

Déi meescht Linguiste gesinn d'Moldawescht awer net als Sprooch, mä just als Dialekt vum Rumäneschen. Anerer dogéint plädéiere fir de Statut vun enger richteger Sprooch, well am Moldawesche vill Aflëss vum Russeschen ze fanne sinn, wat beim Standardrumänesch guer net de Fall ass. D'Bezeechnung Kulturdialekt trëfft et an dësem Fall wuel nach am beschten.

Bis 1989 ass d'Moldawescht mam kyrilleschen Alphabet geschriwwe ginn. Duerno ass déi rumänesch Variant vum laténgeschen Alphabet offiziell an der moldawescher SSR agefouert ginn, mä ganz vill Moldawier hunn d'Kyrillescht trotzdeem bäibehalen (cf. moldawesch Wikipedia) an am Separatistenterritoire Transnistrien ass et souguer offiziell bäibehale ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Moldovan language – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Europe Review 2003/2004. Kogan Page. 2004. S. 242 – „A Field Guide to the Main Languages of Europe – Spot that language and how to tell them apart“ (englisch). Europäische Kommission.
  2. C O N S T I T U T I A – REPUBLICII MOLDOVA – ADOPTATA LA 29 IULIE 1994
  3. RIA Novosti: Verfassungsgericht: Amtssprache in Moldau ist Rumänisch