Moku Manu (engl.: Bird Island, däitsch: Vogelinsel) ass eng kleng, onbewunnt Insel am Archipel vun Hawaiʻi am Honolulu County. Se läit am Pazifeschen Ozean, just ongeféier 1,3 km² virun der Ostküst vun der Insel O'ahu, net wäit vun der Mokapu-Hallefinsel.

Moku Manu
Geographie
Land USA
Läit an/am Pazifeschen Ozean
Koordinaten 21°28'12"N, 157°43'12"W
Fläch 0,084 km²
Längt 0,410 km
Breet 0,210 km
Verwaltung
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen
eng Kolonie vu Séivullen op Moku Manu

D'Insel ass ongeféier 410 m laang, 210 m breet an huet eng Fläch vun 8,4 ha.

Op Moku Manu bréien eelef verschidden Séivullenaarten. Dorënner sinn och eng Rëtsch zimmlech rarer, wéi beispillsweis de Chrëschtdags-Stuermdaucher (Puffinus nativitatis) oder de Bulwerstuermvull (Bulweria bulwerii). D'Insel ass – wéi och aner hawaiianesch Inselen – e Vulleschutzgebitt (Hawaii State Seabird Sanctuary), dat een net betrieden däerf.

Um Spaweck änneren

Commons: Moku Manu – Biller, Videoen oder Audiodateien