Mittal Steel Company N.V. war 2005 an 2006, vum Volume hir, dee weltgréisste Stolproduzent. D'Gesellschaft huet zu 88% dem Lakshmi Mittal senger Famill gehéiert. Mittal Steel hat hire Sëtz zu Rotterdam, mä gouf vu London aus vum Mittal a sengem Jong Aditya gefouert. Entstanen ass se, wéi Ispat International N.V. d'LNM Holdings N.V. opkaf huet (déi zwou hu majoritär dem Mittal gehéiert) an 2005 mat der International Steel Group Inc. fusionéiert huet.

Mittal Steel zu Galati

2006 huet se mat der Arcelor zu der Arcelor Mittal fusionéiert.

Mittal Steel huet zulescht 179.000 Leit beschäftegt. 2004 hat se en Ëmsaz vun 22 Milliarden US-Dollar an hat 48 Milliounen Tonne Stol produzéiert. Mittal Steel ass duerch hir Strategie, Stolfirmen, déi schlecht dru waren opzekafen an ze moderniséieren, bannent e puer Joer zum Nummer 1 eropgeklommen.

D'Firma hat Schmelzen a 17 Länner: China, Indonesien, Vereenegt Staaten, Mexiko, Kanada, Frankräich, Däitschland, Polen, Rumänien, Algerien, Südafrika, Tschechien, Bosnien an Herzegowina, Nordmazedonien, Trinidad an Tobago, Kasachstan an an der Ukrain.

De 27. Januar 2006 huet Mittal Steel annoncéiert, 18,6 Milliarden Euro fir d'Arcelor bidden ze wëllen.

Um Spaweck änneren