De Mirach ass d'Bezeechnung vum Stär β Andromedae (Beta Andromedae). De Mirach ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär a seng Hellegkeet variéiert tëscht +2,01 a +2,10 mag. Hien ass ronn 200 Liichtjoer vun eis ewech (Hipparcos-Datebank). De Mirach ass en Iwwerris vun der Spektralklass M0 III mat enger Uewerflächentemperatur vun ongeféier 3300 Kelvin.

Mirach
β Andromedae
D'Stärebild Andromeda mat senge Stären
Stärebild: Andromeda (And)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 01h 09m 43.9s
Deklinatioun + 35° 37' 14"[1]
visuell Magnitude + 2,07 mag[1]
Spektralklass: M0 III[1]
Astrometrie
Radialvitess: (+0,1 ± 0,2) km/s[2]
Parallax (16,52 ± 0,56) mas[3]
Distanz (197 ± 7) Lj
Absolut Hellegkeet −1,8 mag[3]
Physikalesch Eegenschaften
Mass:
Radius:
Liichtkraaft:
Uewerflächentemperatur
Aner Bezeechnungen
ADS ADS 2362
Bayer-Bezeechnung β Andromedae
Bonner Duerchmusterung +34° 198
Bright Star Catalogue HR 337
Flamsteed 43 Andromedae
FK 5 42
Henry-Draper-Katalog HD 6860
Hipparcos-Katalog HIP 5447
SAO-Katalog SAO 54471
Tycho-Katalog TYC 2286/1329/1

De Mirach mécht net nëmmen d'Mëtt vum Stärebild Andromeda, mä och déi markant Fënnefstärerei, déi um Stärenhimmel vun der Nordhallefkugelbal d'ganzt Joer ze gesinn ass.

Vum Mirach 7-8° nordwestlech steet dee bekannte Andromedaniwwel (M31), déi grouss Nopeschgalaxis vun eiser Mëllechstrooss, déi meeschtens scho mat bloussem A ze gesinn ass. Duerch "Starhopping" fënnt ee si liicht iwwer déi zwéi Stäre riets iwwer dem Mirach.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars
  3. 3,0 3,1 Hipparcos, the New Reduction (van Leeuwen, 2007)