Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Minnie Vautrin, gebuer de 27. September 1886 als Wilhelmina Vautrin zu Secor an Illinois a gestuerwen de 16. Mee 1941 zu Indianapolis an Indiana, war eng US-amerikanesch Missionnairin vun der United Christian Missionary Association, déi an der Zäit vum Nanking-Massaker, am Dezember 1937, Dausende vu chineesesche Fraen d'Liewe gerett huet.

Minnie Vautrin
Gebuer 27. September 1886
Gestuerwen 14. Mee 1941
Indianapolis
Nationalitéit USA
Educatioun University of Illinois at Urbana-Champaign,
Columbia University,
Illinois State University
Aktivitéit Missionnaire, Erzéier, Diarist

Am Mee 1940 huet si no enger Nervekris missen an d'USA zeréckgoen. No enger Elektroschockbehandlung konnt si mat de gräissleche japanesche Krichsverbriechen net fäerdeg ginn, an huet sech 1941 an hirem Appartement zu Indianapolis d'Liewe geholl.

Literatur änneren

  • Hu, Hua-Ling: American Goddess at the Rape of Nanking: The Courage of Minnie Vautrin, Southern Illinois Universitiy Press, 2000.