Millefeuille

(Virugeleet vu(n) Mille-feuille)

E Millefeuille ass eng Patisserie aus Frankräich, déi gemenkerhand aus dräi Couchë Bliederdeeg an zwou Couchë Crème pâtissière besteet, mat uewen drop entweeder glaséiertem Zocker oder marbréierte Fondantssträifen.

En traditionelle franséische Millefeuille

Originn an Numm änneren

Déi genee Originn vun der Patisserie ass onbekannt. De François Pierre La Varenne beschreift se eng éischt Kéier a sengem Cuisinier françois vu 1651, uganks vum 19. Joerhonnert gouf d'Rezept du vum Marie-Antoine Carême perfektionéiert.

De romaneschsproochegen Numm geet zeréck op déi grouss Zuel un Deegblieder aus deem dës Patisserie besteet (Dausend-Blieder). No der traditioneller Method mat 6 Etappe vun dräifachem Falen huet en a Wierklechkeet 729 Bliederpuer, modern Methode bréngen et awer souguer op bis zu 2048.

Déi engleschsproocheg, nordesch a slawesch Bezeechnung schéngt dogéint op "napolitain" zeréckzegoen, dat franséischt Adjektiv fir déi italieenesch Stad Neapel, déi och heiansdo als Originn vum Rezept hierhale muss. No den Napoleonesche Kricher ass dunn eng Verformung dovun opkomm, déi e Lien mam Krichshär Napoleon gemaach huet.

Varianten änneren

An Italien ass a Mille foglie dacks mat Spinat, Kéis oder Pesto gefëllt. D'Variant aus Blieder- a Biscuitsdeeg, mat enger Fëllung aus Crème an Äerdbier ass awer och beléift.

A ville Länner gëtt déi mëttelst Schicht Bliederdeeg ganz ewechgelooss an amplaz da just eng héich Schicht vu Crème pâtissière, Bottercrème, Schlagsan oder Gebeess ass. Sou zum Beispill beim belschen an hollänneschen Tompouce, der ungarescher Királyi francia krémes, der jugoslawescher Kremna rezina oder der polnescher Kremówka.

A Russland dogéint huet en Napoleon 4-10 Schichte Bliederdeeg: Napoleon (Russesche Kuch).

Am Iran hu se uganks vum 20. Joerhonnert bei engem Baklava de Yufka-Deeg duerch franséische Mille-feuille ersat, duerch Rousewaasser en extra Goût derbäiginn, an déi nei Kreatioun Napoleon genannt[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Millefeuille – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Alan Davidson an Tom Jaine, The Oxford Companion to Food, Oxford University Press, 3. Editioun, 2014, S. 415.