E Mikrometer, ofgekierzt μm, ass de milliounsten Deel vun engem Meter (oder den dausendsten Deel vun engem Millimeter).

Dës Längteneenheet gëtt besonnesch dacks an der Biologie gebraucht. Vill eukaryotesch Zellen hunn eng Gréisst vun zirka 20 μm, déi meescht Bakteerien sinn zirka 1 μm grouss.