D'Miezegerbaach oder och einfach d'Miezeg ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg an de Gemenge Miezeg an Éibeng. Et ass en Niewefloss vun der Kuer.

Si entsteet eng ronn 700 Meter nordwestlech vun Déifert op enger Plaz wou am Ëmkrees vun 150 Meter dräi Baachen zesummelafen. Vum Zesummefloss mat der südlechster, der Béibengerbaach un, huet se den Numm Miezegerbaach. Vun do leeft de de ganzen Zäit no Süden, fiddert zu Miezeg d'Weieren a leeft da weider bis op Attem wou s'an d'Kuer leeft.