Middelburg
Middelburg ass eng Stad a Gemeng am Südweste vun Holland, an Haaptstad vun der Provënz Zeeland. Et läit op der Hallefinsel Walcheren.
Middelburg | |
---|---|
Land | Holland |
Awunner | 49.956 (1. Januar 2023) |
Fläch | 53,05 km² |
Koordinaten | 51°29'59"N, 3°36'49"O |
Telefonszon | 0118 |
Postcode | 4330–4338 |
Websäit | https://www.middelburg.nl/ |
D'Gemeng huet ronn 50.000 Awunner, d'Stad ronn 43.000 Awunner (2023).
Geographie änneren
Wichtegst Uertschaften an der Gemeng änneren
- Arnemuiden - Kleverskerke - Middelburg - Nieuw- en Sint Joosland - Sint Laurens
Nopeschgemengen änneren
Geschicht vu Middelburg änneren
Middleburg gouf am 8. oder 9. Joerhonnert gegrënnt, fir de Wikingerinvasiounen de Bass ze halen. 844 gouf do eng Abtei gebaut, déi bis zum Achtzegjärege Krich bestoung. Haut ginn d'Gebaier als Musée an als Sëtz vun der Provënzregierung benotzt. 1217 huet Middelburg Stadrechter kritt.
D'Stad war e wichtegen Handelszentrum. Am Mëttelalter huet s'eng wichteg Roll am Handel tëscht Flandern an England gespillt. Méi spéit, am 17. Joerhonnert (dem Hollännesche Gëllenen Zäitalter), gouf et eng wichteg Handelsstad fir d'Hollännesch Ostindiengesellschaft. Honnertdausende vun Afrikanesche Sklave goufe vu Middelburg an Amerika transportéiert.
De 17. Mee 1940 huet déi däitsch Luftwaffe e groussen Deel vun der Stad futtigebommt.
Kuckeswäertes änneren
Eng Rëtsch stengen Haiser a Lagerhale laanscht de Kanal aus dem 17. Joerhonnert sinn erhale bliwwen. Och d'Festungsgrief aus dem 18. Joerhonnert ronderëm de mëttelalterleche Stadkär sinn nach ze gesinn. Eenzeg erhale Stadpaart ass d'Koepoort ("Koupaart").
Jumelagen änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Middelburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |