Michelle Bachelet

chileenesch Politikerin

D'Verónica Michelle Bachelet Jeria [βeˈɾonika miˈʃɛl baʃˈle ˈçeɾja], gebuer den 29. September 1951 zu Santiago de Chile, ass eng chileenesch Politikerin. Si war zweemol, vum 11. Mäerz 2006 bis den 11. Mäerz 2010 an dunn nees vum 11. Mäerz 2014 bis den 11. Mäerz 2018, Presidentin vum Chile.

Michelle Bachelet
Gebuer 29. September 1951
La Cisterna
Nationalitéit Chile
Educatioun Westland Middle School,
Liceo Javiera Carrera,
Universidad de Chile,
Humboldt-Universitéit Berlin,
Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Politiker, Chirurg, Epidemiolog
Partei Partido Socialista de Chile
Famill
Bestuet mat Jorge Dávalos Cartes
Papp Alberto Bachelet
Mamm Ángela Jeria
Kanner Sebastián Dávalos
D'Michelle Bachelet mam Xavier Bettel (2015).

D'Michelle Bachelet ass d'Duechter vum Generol Alberto Bachelet, dee loyal zum Salvador Allende war, an deen nom Putsch vum Augusto Pinochet gefaange geholl a gefoltert gouf, an un de Follgen dovun dat Joer drop gestuerwen ass. D'Michelle ass mat hirer Mamm an d'DDR geflücht, wou s'op der Humboldt-Universitéit Berlin Medezin studéiert huet.

1979 goung se hannescht an de Chile, wou se, nodeem se de Studium ofgeschloss hat, Kannerdoktesch gouf.

Tëscht 1994 an 1997 huet si am chileenesche Gesondheetsministère geschafft, duerno bis 2000 am Verdeedegungsministère. Den 11. Mäerz 2000 gouf si Gesondheetsministesch an 2002 Ministesch fir Verdeedegung.

Tëscht hirem éischten an zweete Presidentschaftsmandat war si Ënnersektretärin vun de Vereenten Natiounen als Direktesch (Executive Director) vun der UN-Fraen-Organisatioun UN Women.

Um Spaweck änneren

Commons: Michelle Bachelet – Biller, Videoen oder Audiodateien