Michel Weyler

lëtzebuergesche Moler
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Michel Weyler, gebuer 13. Abrëll 1851 zu Iechternach, a gestuerwen den 23. August 1926 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Moler[1]. Hie gëtt, grad wéi de Michel Sinner, als groussen Ettelbrécker Moler betruecht.

Michel Weyler
Gebuertsnumm Michel Weiler
Gebuer 13. Abrëll 1851
Iechternach
Gestuerwen 23. August 1926
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Hien huet op der École des beaux-arts zu Paräis studéiert an huet Natures morten, Landschaften an och Portraitë gemoolt. De Musée National d'Histoire et d'Art zu Lëtzebuerg an och d'Ettelbrécker Gemeng sinn am Besëtz vun ettleche vu senge Biller.

De Michel Weyler huet 1881 ee Wierk mam Titel "Une Table de Cuisine" um Salon des Champs Elysées ausgestallt[2].

Seng Wierker änneren

  • De Carlo Hemmer hat dräi Biller vum Michel Weyler, déi hie bei sengem Doud der Ettelbrécker Gemeng vermaach huet[3].
    • D'Schofsbréck bei Waarken (Ueleg op Karton),
    • Stilleben 1 (Ueleg op Holz),
    • Stilleben 2 (Ueleg op Holz),

Biller änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce vum Michel Weyler am Luxemburger Wort vum 24. August 1926
  2. Bour Roger an der Literatur
  3. Reider, Zäitschreft vun der Ettelbrécker Gemeng, no 4 vum Abrëll 1989