Michel Giacobini

franséischen Astronom

De Michel Giacobini, gebuer am Joer 1873 a gestuerwen am Joer 1938 war e franséischen Astronom.

Michel Giacobini
Gebuertsnumm Jules Michel Giacobini
Gebuer 10. September 1873
Pancheraccia
Gestuerwen 6. Mäerz 1938
5. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom

De Giacobini hat de 4. September 1896 mat D/1896 R2 säin éischte Koméit entdeckt, deem nach weider 12 Entdeckungen nokoumen – dorënner deen no him genannte 21P/Giacobini-Zinner den 20. Dezember 1900. Hien hat um Observatoire vun Nice geschafft, ier hien 1910 op eegene Wonsch an de Paräisser Observatoire gewiesselt huet.

1903 krut hien de Jules-Janssen-Präis. Fir seng Leeschtunge gouf den Asteroid (1756) Giacobini no him genannt.