Michel Flammang

lëtzebuergesche Lokalpolitiker

De Michel Flammang, gebuer de 6. Januar 1875 um Kierchbierg a gestuerwen de 7. Abrëll 1946 an der Stad[1], war e lëtzebuergesche Politiker.

Michel Flammang
Gebuer 6. Januar 1875
Kierchbierg
Gestuerwen 7. Abrëll 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Vun 1919 bis 1920 war hien de leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Hollerech just ier déi mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet. Duerno war hie vun 1921 bis 1929 am Gemengerot vun der Stad.

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce vum Michel Flammang am Tageblatt vum 9. Abrëll 1946 op eluxemburgensia.lu