Den (oder d')Michel-Marie Poulain, gebuer de 5. Dezember 1906 zu Paräis[1], gestuerwen 1991, war e(ng) franséisch(e) modern(e) Moler(in), deem säin/där hire Stil an Technik staark un de Bernard Buffet erënnert.

Michel-Marie Poulain: D'Sprangpressessioun zu Iechternach

E beweegt Liewen änneren

Et war eng aussergewéinlech Perséinlechkeet mat engem beweegte Liewen. Als Mann ass hien op d'Welt komm an huet als Ënneroffizéier bei den Dragoner gedéngt. Als Fra huet si du bei grousse Couturière Mannequin gespillt. Dësen Dédoublement vun der Persoun léisst déi viguréis, mä och echt weiblech Zich a sengen oder hire Biller erkennen. La vigueur de sa peinture est tempérée, wéi d'Biographe schreiwen, par une grâce féminine visible dans ses personnages. Spéider huet hien oder si eng Billergalerie zu Cannes, fir d'Ausstellung vun eegenen Tableauen opgemaach.

Wierker änneren

  • Tëscht den zwéi Weltkricher: reegelméisseg Participatioun um Salon d'Automne an um Salon des Indépendants
  • Nieft sengen/hiren Tableauen, huet hien/si och als Kierchemolerin geschafft
    • Vitraue vun der Abtei de la Colle-sur-Loup
    • Dekoratioun vun der Kapell des Pénitents Blancs zu Eze-Village, (1953)

Kollektiounen änneren

  • Kollektioun vum Lëtzebuerger Architekt Paul Retter, deen den/d'Michel-Marie Poulain gesponsert huet, a vill Biller vun him hat.
    • Déi Biller sinn nom Doud vum Paul Retter ënner den Hummer komm, an déi meescht Tableauen, dovun eng Partie mat lëtzebuergesche Sujeten, wéi Beetebuerg an d'Sprangpressessioun vun Iechternach, sinn a Lëtzebuerger Hänn bliwwen.

Literatur änneren

  • MARAIS, Claude: J'ai choisi mon sexe. Confidences du peintre Michel-Marie Poulain. Monaco: Les éditions de Fontvieille, 1954.
  • ROUSSARD, André: Dictionnaire des Peintres à Montmartre,

Um Spaweck änneren

Commons: Michel-Marie Poulain – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. roussard.com