Michail Borissowitsch Chodorkowski

De Michail Borissowitsch Chodorkowski (Михаил Борисович Ходорковский), gebuer de 26. Juni 1963 zu Moskau, ass e russeschen Entreprener.

Michail Borissowitsch Chodorkowski
am Joer 2001
Gebuer 26. Juni 1963
Moskau
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Educatioun Russesch Plechanow-Wirtschaftsuniversitéit
Aktivitéit Entreprener, Philanthrop
Member vun Komsomol

Hie war vun 1997 bis 2004 de Matbesëtzer a Chef vum Pëtrolskonzern Yukos, an deemools mat geschatenen 8 Milliarden US-Dollar Verméigen[1] ee vun de räichsten Oligarche vun der Welt. Am Oktober 2003 koum en awer (grad wéi säi Kolleeg Platon Lebedew) wéinst Steierhannerzéiung a plangméissege Bedruch an de Prisong. Den 20. Dezember 2013 gouf e vum President Putin begnodegt.

Wärend Amnesty International dem Chodorkowski seng Verurteelung als politesch motivéiert gesäit, huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter am September 2011 seng Verurteelung als net politesch motivéiert ugesinn.[2],[3].

Um Spaweck änneren

Commons: Michail Chodorkowski – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. World's Richest People 2003, according to Forbes magazine
  2. Case of KHODORKOVSKIY v. RUSSIA (Application no. 5829/04), judgment, Strasbourg, 31. Mee 2011
  3. Geriichtshaff fir Mënscherechter: De Chodorkowski echouéiert zu Stroossbuerg, SPON 31. Mee 2011