De Michael Maestlin oder och Möstlin gebuer den 30. September 1550 zu Göppingen a gestuerwen den 20. Oktober 1631 zu Tübingen war en däitsche Mathematiker an Astronom.

Michael Maestlin
Gebuer 30. September 1550 jul.
Göppingen
Gestuerwen Oktober 1631
Tübingen
Nationalitéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Universitéitsprofesser, Astrolog

De Maestlin studéiert am Evangeelesche Stëft Tübingen Theologie, Mathematik an, ugereegt duerch de Philipp Apian, Astronomie. Hie gouf 1571 Magister, 1576 Diakon zu Backnang a 1580 Professer vun der Mathematik zu Heidelberg a vu 1583 un zu Tübingen.

Nieft dem Leonardo da Vinci gëllt och de Maestlin als éischten, den dat äschegrot Moundliicht korrekt als Äerdschäin gedeit huet. Hien hat och erkannt datt d'Koméite keng atmosphäresch Erscheinunge sinn. De Maestlin gëllt als Unhänger vum heliozentresche Weltbild vum Nikolaus Kopernikus a war Geléierten a Frënd vum Johannes Kepler, deen hien och mat der heliozentrescher Planéitenuerdnung vum Kopernikus bekannt gemaach huet. Hie soll och de Galileo Galilei fir dës nei Léier gewonnen hunn.

Am Joer 1961 gouf e Moundkrater Maestlin no him benannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Michael Maestlin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie