De Michael Douglas „Mike“ Griffin, gebuer den 1. November 1949 zu Aberdeen, Maryland, ass en US-amerikanesche Physiker a Rakéitenexpert. Vum 13. Abrëll 2005 bis zum 20. Januar 2009 war hien Direkter (Administrator) bei der US-Raumfaartagentur NASA.

Michael Griffin
Gebuertsnumm Michael Douglas Griffin
Gebuer 1. November 1949
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Südkalifornien,
George Washington University,
Johns Hopkins University
Aktivitéit Raumfaartingenieur, Physiker, Politiker
Partei Republikanesch Partei
Member vun National Academy of Engineering

De Griffin huet Physik studéiert (Bachelor a Master vun der Johns Hopkins University), Loft- a Raumfaarttechnik (Master vun der Catholic University of America souwéi 1977 en Dokter vun der University of Maryland), Elektrotechnik (Master vun der University of Southern California), Betribswirtschaft (Master vum Loyola College) a Bauingenieurwiesen (Master vun der George Washington University).

De Griffin war vun 1986 un, fënnef Joer laang stellvertriedenden Technikdirekter fir den SDI-Programm an der Strategic Defense Initiative Organization am Pentagon an huet vun August 1991 bis 1994 bei der NASA als Chefingenieur a Fuerschungsdirekter (Associate Administrator for Exploration) geschafft. Ier hien am Joer 1995 als Vizepresident bei d'Orbital Sciences Corporation koum, enger Raumfaartfirma zu Dulles (Virginia), huet hien als General Manager vun der Space Industries International an Texas geschafft.

De Mike Griffin mat senger Fra Rebecca bei der Vereedegung duerch den US-Vizepresident Cheney

Duerno gouf de Griffin Leeder vun In-Q-Tel zu Arlington (Virginia), eng vum US-Geheimdéngscht CIA 1999 gegrënnte Firma fir d'Erfuerschung vun neien Technologien. Vum Abrëll 2004 u war hien e Joer laang Direkter vun der Raumfaartsektioun vum Applied Physics Laboratory an der Johns Hopkins Universéit zu Laurel (Maryland).

Den 11. Mäerz 2005 gouf de Griffin vum US-President George W. Bush als Chef vun der NASA virgeschloen. Den 13. Abrëll gouf hie vum Senat bestätegt an huet een Dag méi spéit säin neit Amt als 11. Administrateur vun der NASA, an d'Nofolleg vum Sean O'Keefe, ugetrueden. Formell vereedegt gouf de Griffin den 28. Juni 2005 vum US-Vizepresident Dick Cheney.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Michael Griffin – Biller, Videoen oder Audiodateien