E Metronym (vu gr. μήτηρ mētēr) oder latiniséiert Matronym (vu mater) ass e Bestanddeel vun enger Persoun hirem perséinlechen Numm, dee Bezuch hëlt op de Virnumm vun där Persoun hirer Mamm, Groussmann oder enger anerer weiblecher Uranin. Metronymer änneren domat logescherweis vu Generatioun zu Generatioun. Et ass de weiblechen Äquivalent vum Patronym.

A patriarchalesche Gesellschafte wéi dat an Europa de Fall ass si Metronymer ganz seelen. Si koumen emol vir, wann engem Kand sengem Papp säin Numm onbekannt war oder wa seng Mamm ganz besonnesch faméis oder mächteg war.

E gutt Beispill ass am Arabeschen den Numm vu Jesus, Isa ibn Maryam, wat Jesus Jong vum Maria heescht. De Koran gëtt nämlech beim Jesus kee Papp un.

Gängeg Familljenimm zu Lëtzebuerg, déi op e Metronym zeréckginn, sinn z. B. Margue oder Grethen (allebéid > Margréit).