An der Mathematik ass e metresche Raum en Ensembel, op deem eng Distanzfunktioun mat gewëssenen Eegenschaften definéiert ass. Dës Distanzfunktioun nennt ee Metrik. Metresch Raim si Beispiller vun topologesche Raim an erlaben et Konzepter wéi Konvergenz ze definéieren.

Dat einfachste Beispill vun engem metresche Raum ass den dräidimensionalen Euklidesche Raum . D'Distanz tëscht zwee Punkten ass déi üblech Euklidesch Distanz.

Definitioun änneren

E metresche Raum ass eng Koppel   vun engem Ensembel   an enger Funktioun  , déi follgend Axiomer erfëllt:

  • Fir all   gëllt:
            an   genee dann, wann  .
(positiv definit)
  • Fir all   gëllt:
           .
(symmetresch)
  • Fir all   hu mer d'Inegalitéit:
           .
(Dräiecksinegalitéit)

Grondbegrëffer änneren

Eng Suite   konvergéiert géint  , wa fir all   en   existéiert, soudatt fir all   gëllt, dass  . Eng Cauchy-Suite ass eng Suite  , sou dass et fir all   en   gëtt, sou dass fir all  gëllt, dass  . E metresche Raum, an deem all Cauchy-Suite konvergéiert, nennt ee vollstänneg. Falls et eng Borne   gëtt, sou dass fir all   gëllt, dass  , da seet een dass   bornéiert ass. E Sousensembel   ass och ëmmer e metreschen Ënnerraum mat der nämmlechter Metrik  . Falls all oppene Ball an   en net-eidele Schnëtt mat   huet, dann ass   dicht an  . E metresche Raum, an deem all Suite eng konvergent Sous-suite huet, nennt ee kompakt.

Metresch Raim mat extra Struktur änneren

Norméiert Vektorraim änneren

E Vektorraum iwwert   oder   mat enger Norm   definéiert eng Metrik  .

Riemannsch Mannifalten änneren

Fir e Riemannsche Mannifalt   an eng differenzéierbar Kurv   kann een eng Längt   definéieren. Wann een d'Distanz tëscht zwee Punkten als den Infimum vun de Längte vun alle Kurven tëscht deene Punkten definéiert, da gëtt   zu engem metresche Raum.

Metresch Moossraim änneren

Raim, déi eng Metrik an eng Mesure hunn, déi kompatibel matenee sinn.