Meteor vun Tscheljabinsk

De Meteor vum 15. Februar 2013 war e Meteor, dee géint 9:15 Auer Lokalzäit (4:15 h MEZ) deen Dag am Tscheljabinsker Oblast ronderëm d'Stad Tscheljabinsk am russeschen Ural observéiert gouf. De Meteoroid soll an enger Héicht vu ronn zéng Kilometer iwwer der Äerduewerfläch zerbrach sinn an hat no der russescher Wëssenschaftakademie eng Mass vun zéng Tonnen.

D'Spur vum Meteorit
D'Drockwell vum Meteor hat vill Fënstere gebrach (hei: den Dramatheater Tscheljabinsk). Déi meescht Blesse waren op Schnëtt duerch Schierbelen zeréckzeféieren.

De Meteor gouf vu ville Leit observéiert a gefilmt. Et gouf vun engem kräftege Knuppert, enger Drockwell a ville futtisse Fënsteren erzielt. Den Daach vun enger Zénkfabrik ass zesummegefall. Iwwer 1000 Leit goufe blesséiert, virun allem duerch Schnëttwonnen a Prellungen. An d'Äiscouche um Tschebarkul-Séi no bei der Stad mam selwechten Numm, ongeféier 80 Kilometer südwestlech vun Tscheljabinsk, gouf e Lach vu sechs Meter Duerchmiesser geschloen.

D'Evenement ass nëmme wéineg Stonne virum Rendez-vous vum 2012 DA14 – dee mat enger geschatener Mass vu ronn 130.000 Tonne[1] méi grouss a méi schwéier ass – geschitt. No enger éischter Aschätzung vun der Europäescher Weltraumorganisatioun hu béid Evenementer wéinst der Fluchbunn an der Plaz vum Antrieden an d'Atmosphär näischt mateneen ze dinn.

E Stéck vum Meteorit, opfonnt beim Tschebarkulséi an der Géigend vum Meteor-Aschlag.

Auswäertung änneren

No der US-Weltraumagentur NASA hat de Meteorit viru sengem Antrëtt an d'Atmosphär vun eiser Äerd en Duerchmiesser vu ronn 17 Meter an hat ronn 10.000 Tonne gewien. Beim Auseneebriechen ass dann en TNT-Equivalent vu bal 500 Kilotonne fräigesat ginn, méi wéi 30 Mol souvill wéi beim Atombommenofworf op Hiroshima. En Evenement vun dëser Gréisst geschitt ongeféier eemol an engem Joerhonnert an de Meteorit vu Russland ass och dee gréissten, zanter dem Tunguska-Evenement am Joer 1908.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 2013 Russian meteor event – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Nasa-Bericht vum 4. Februar 2013
    vereelzt Schätzung vun der ESA vum 15. Mäerz 2012