De Messier 54 (och als NGC 6715 bezeechent) ass e +7,70 mag helle Kugelstärekoup mat enger Flächenausdehnung vun 9,1' × 9,1' am Stärebild Sagittarius, südlech vum Stär Nunki.

Kugelstärekoup Messier 54

De Kugelstärekoup gëtt besonnesch observéiert, zanter datt bekannt ass, datt hien net zum Kugelstärekoupsystem vun der Mëllechstrooss gehéiert, mä mat der Sagittarius-Zwerggalaxis associéiert ass. Well déi Galaxis, déi no der Canis-Major-Zwerggalaxis den noosten Noper vun eiser Mëllechstrooss ass, eréischt 1993 entdeckt gouf, gouf de Messier 54 bis dohin als Kugelstärekoup vun eiser Mëllechstrooss gezielt. Zesumme mat dem Messier 79, dee mat der Canis-Major-Zwerggalaxis associéiert ass, ass hien dofir ee vun deene mat am längste bekannten aussergalaktesche Kugelstärekoup.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Messier 54 – Biller, Videoen oder Audiodateien