Merzig

däitsch Kreesstad am Landkrees Mäerzeg-Wadern (Saarland)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der däitscher Stad am Saarland. Fir déi lëtzebuergescher Uertschaft a Gemeng am Kanton Dikrech, kuckt wgl. Mäerzeg.

Merzig (op Lëtzebuergesch: Mäerzeg[1]) ass eng Kreesstad am Saarland a Verwaltungssëtz vum Landkrees Merzig-Wadern mat ronn 31.000 Awunner a 17 Staddeeler op 108 km². Merzig läit op der Saar a verdeelt sech wäit ëm d'Héichte vum Saargau an d'Säitendäller vun der Saar.

Merzig
Land Däitschland
Bundesland Saarland
Krees Merzig-Wadern
Buergermeeschter Marcus Hoffeld (CDU)
Awunner 30.051
 (31. Dezember 2022)
Fläch 108.79 km²
Héicht 172 m
Koordinaten 49°26'49"N, 6°37'52"O
Telefonszon 06861
Postcode 66651–66663
Websäit https://www.merzig.de/
Jumelage mat Saint-Médard-en-Jalles, Luckau


Dat alt Stadhaus vu Merzig
D'Seffersbaach zu Merzig

Geographie änneren

Geographesch Lag änneren

Geographesch läit déi nordsaarlännesch Kreesstad Merzig tëscht Saarbrécken an Tréier (jee 50 Kilometer ewech) am Dall vun der Saar. Metz a Frankräich a Lëtzebuerg sinn och jee 50 Kilometer ewech. D'Stadgebitt erstreckt sech vun dësem „Merziger Becken“, an deem riets a lénks vun der Saar déi gréisser Staddeeler sinn, iwwer am Ganzen 108 km² bis zu de riets a lénks opsteigenden Héichte vum Saargau. Am Stadkär läit Merzig 175 m iwwer dem Mieresspigel, d'Gauhéichte klamme bis op 417 m erop. 3.108 ha Bësch, 60 ha Erhuelungsfläche wéi Park- a Grénganlagen, 5.862 ha landwirtschaftlech Flächen a Gäertnereien an 128 ha Waasserfläche maachen aus Merzig mat engem Gréngflächeprozentsaz vun iwwer 80 eng grénger Stad.[2]

Nopeschgemengen änneren

U Merzig grenze follgend Gemengen: Beckingen am Südosten, Mettlach am Nordwesten, Losheim um Séi am Nordosten a Rehlingen-Siersburg am Südwesten.

Stadglidderung änneren

 
Saarlänneschen Timber, 1957, 100 Joer Stad Merzig
 
Nidderschlagsdiagramm

D'Stad gliddert sech zanter der Gebitts- a Verwaltungsreform vun 1974 a 17 Staddeeler (Awunnerzuelen Stand 30. Juni 2011):

Staddeel Awunner
Ballern 1.189
Besseringen 2.979
Bietzen 968
Brotdorf 3.733
Büdingen 310
Fitten 706
Harlingen 565
Hilbringen 2.569
Mechern 834
Staddeel Awunner
Menningen 635
Merchingen 939
Merzig 10.934
Mondorf 768
Schwemlingen 2.186
Silwingen 387
Weiler 350
Wellingen 291

Klima änneren

De Joresnidderschlag ass 882 mm. Den dréchenste Mount ass de September. Am meeschte reent et am November.

Geschicht änneren

  369 Martiaticum
  870 Martia
1338 Mertzige
1478 Mertzych
1497 Mertzig
1499 Mertzigh, Mertzych

Déi eelst Nennung vu Merzig fënnt sech lt. Kell an engem Befeel vum westréimesche Keeser Valentinians, wärend sengem Openthalt zu „Mansio praedium Martiaticum“ de 4. Juni 369. Ausgangs vum Merchinger Dall am Distrikt Hangenfeld hëlt een un, datt eng réimesch Siidlung stoung, well am Beräich vum Zesummenfloss vum Ritzerbach mam Seffersbach verschidde réimesch Saache fonnt goufen.

De Charles de Plakkapp hat d'Kroungut Merzig dem Tréierer Äerzbëschof Bertolf bei vu senger Bëschofswei am Joer 869 geschenkt. Am 12. an 13. Joerhonnert hat dem Kurfürst d'Ministerialgeschlecht vu Merzig gedéngt. Dem Äerzbëschof vun Tréier hunn déi Merziger Vogteirechter gehéiert. Merzig war a siwe Vogteien opgedeelt: d'Vogtei vum Äerzbëschof, déi vereenegt Schultheißerei mat der Montclairer Vogtei, d'Rischerei, d'Mettlacher Vogtei, d'Brückerei an d'Propstei.

Wopen änneren

Blasonéierung: A véier gedeelt, uewe riets an ënne lénks a Sëlwer en duerchgoend rout Kräiz, uewe lénks an ënne riets a Sëlwer e schwiewent schwaarzt Duebelkräiz.

Dat rout Kräiz steet fir d'Äerzbistum Tréier an dat schwiewent schwaarzt Duebelkräiz steet fir d'Herzogtum Loutrengen.

Jumelage änneren

Kultur a Kuckeswäertes änneren

 
Panorama vu Merzig, Bléck a Richtung Südwest

Theater änneren

  • Stadhall
  • Zeltpalast Merzig

Museen änneren

Bauwierker änneren

  • Kierch St. Peter; dräischëffeg spéitromanesch Basilika, ongeféier 1190-1230, mat barockem Parhaus. Bedeitendst romanesch Kierch am Saarland. Kuckeswäert bannen: Gotescht Peschtkräiz aus dem 14. Joerhonnert, Molereien am Stil vun der Nazarener Schoul.
  • Historescht Stadhaus („Altes Rathaus“), Gebaut 1647-1649 als kurfürstlecht Juegdschlass fir den Tréierer Äerzbëschof Philipp Christoph von Sötern; sechs-achsegt Gebai mat zwéi staarken Ecktierm.
  • Verschidde Barockgebaier wéi d'Halfenhaus (fréier. Hafenkneipe), Staadt-Marxsches Bürgerhaus, Hilbringer Schlösschen, Abteihaff Besseringen („Zehnt-Haus“), fréier Wunnhaus vum Christian Kretzschmar an der Tréierer Strooss (all 18. Joerhonnert)
  • Verschidde Gebaier aus dem 19. a fréien 20. Joerhonnert wéi Villa Fuchs, evangeelesch Kierch, Kierchen zu Hilbringen a Besseringen, Loutrenger Haff, Gare, Haaptgebai vum fréiere Landspidol, Jugendstilhaiser an der Tréierer Strooss, fréier Gebeessfabréck (fréiert Klouschter)
  • Verschidde Kapelle wéi d'Mariekapell, Heilig-Kreuz-Kapell, Kreuzbergkapell, Josefskapell, Harlinger Kapell, Al Wellinger Kapell

Gréngflächen änneren

  • Stadpark mat eenzeger Saline am Saarland
  • Garten der Sinne um Kräizbierg
  • Bürgerpark Besseringen
  • Orchideen um Nackberg bei Hilbringen

De Biergerpark zu Besseringen, de Gaart vun de Kënschten am Museum Schlass Fellenberg, de Gaart vun de Sënnen an de Pargaart St. Peter si besonnesch kuckeswäert.

Weider Kuckeswäertes änneren

  • Alte Wellinger Kapelle am Staddeel Wellingen
  • Museumseisebunn (no Losheim)
  • Tiergehege um Blättelbornweiher
  • Wolfsgehege am Kammerforst
  • Sculpteursymposium Steine an der Grenze
  • Clemens-Holzmeister-Kierchen zu Brotdorf a Merchingen
  • Seffersbaachbréck, lescht erhale Hängegurtbréck „System Möller“ am Saarland
  • St. Clemens Kapelle zu Menningen
  • B-Werk Besseringen (Westwall-Bunkeranlag), op der B 51 tëscht Merzig a Besseringen
  • Klouschter St. Gangolf, tëscht Besseringen a Mettlach
  • Bietzener Heilquell op der B 51 a Richtung Beckingen
  • Buedlandschaft „Das Bad“
  • Naturbad Heilborn

Reegelméisseg Evenementer änneren

  • Vizfest (Gréisst Veräinsfest am Saarland)
  • Hafefestival (Groussevenement mat Draachebootcourssen an der Merziger Hafemeil)
  • Pannenflicker-Fest (Kiermes a Veräinsfest zu Schwemlingen)
  • Freeschenfeschd (Grousst Veräinsfest zu Brotdorf)
  • Heem- a Lënsefest (Grousst Veräinsfest zu Besseringen)

Wirtschaft an Infrastruktur änneren

Verkéier änneren

Merzig ass iwwer d'Bundesautobunn 8 (Perl - Stuttgart) an d'Bundesstrooss 51 (Bremen - Sarreguemines) un dat iwwerregionaalt an internationaalt Stroossennetz gutt ugebonnen. Merzig lait op der Saarstreck an huet dräi Garen, dovun zwou zu Merzig (Merzig (Saar), Merzig-Stadmëtt) an eng am Merziger Staddeel Besseringen. Bei éischteren handelt et sech ëm eng Gare mat ugeschlossener Busgare, allerdéngs eppes ewech vum Stadkär. Hei halen all RE- an RB-Zich vun der Däitscher Bunn (DB). Sou ergëtt sech ongeféier all hallef Stonn en Uschloss a Richtung Saarbrécken, Homburg an Tréier. Zanter 2000 ass och e Garehaltpunkt „Merzig-Stadtmitte“ a Betrib. Hei halen nëmme Regionalbunnen.

Wäibau änneren

 
Kreuzberg 1890

Am Fréijoer 2007 gouf um Kreuzberg en historesche Wéngert nei ugeplanzt. Domat ass Merzig no Saarfels[3] (Beckingen) déi zweet Uertschaft am Saarland, déi d'Traditioun vum Wäibau op der Saar südlech vum etabléierten Ubaugebitt Musel-Saar-Ruwer nees opliewe léisst. De Wäin huet Qualitéitsbezeechnung Saarländischer Landwein.[4]

Organisatiounen änneren

Hire Sëtz zu Merzig hunn follgend Organisatiounen:

Geriichter änneren

Merzig huet en Amtsgeriicht, dat zum Landgericht- an zum Bezierk vum OLG Saarbrécken gehéiert an eng Annexe zu Wadern huet.

Militär änneren

Zu Merzig sëtzt d'Luftlandeunterstützungsbataillon 262, dat zu der Luftlandebrigade 26 vun der Saarlandbrigad vun der Bundeswehr gehéiert.

Bildung änneren

All Dag gi 6.500 Studenten zu Merzig an d'Schoulen. Weiderhin existéieren 18 Crêchen a Spillschoulen déi entweeder der Stad oder der Kierch ënnerstinn, oder sougenant fräi Crêche sinn.

Grondschoule sinn zu änneren

  • Kreuzberg (Merzig)
  • St. Josef (Merzig)
  • Saargau (Schwemlingen)
  • Merzig-Besseringen
  • Merzig-Brotdorf
  • Merzig-Hilbringen

Gymnasien änneren

Erweidert Realschoul änneren

  • Christian-Kretzschmar-Schoul

Ënnerstëtzungsschoulen änneren

  • Sonnerschoul fir Léierbehënnerte Merzig-Brotdorf
  • Schoul zum Broch, Ënnerstëtzungsschoul fir geeschteg Entwécklung Merzig-Merchingen

Beruffsbezunne Schoulen änneren

BBZ-Merzig:

  • Uewerstufengymasium fir Gesondheet a Soziales, souwéi Wirtschaft
  • Fachhéichschoul Technik
  • Fachhéichschoul Sozialwesen
  • Fachhéichschoul Wirtschaft
  • Gewerbeschoul
  • BGJ a BGS

Reliounen änneren

Zu Merzig gëtt et vill chrëschtlech Kierchegemengen an e puer aner Reliounsgemeinschaften:

Perséinlechkeete vun der Stad änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Merzig – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. https://web.archive.org/web/20071113081850/http://www.geoplatt.com/platt7-merzigwadern.htm
  2. Geographische Bezeichnung der Stadt Archivéiert op 2011-07-19. Gekuckt de(n) 2012-04-19.
  3. „Edle Tröpfchen vom Wolfersberg“ (Saarbrücker Zeitung, 23. Oktober 2002)
  4. Wein- und Kulturfreunde Kreuzberg Merzig e. V.