D'Merlin-Rakéitendreifwierk gëtt an de Falcon-Rakéite vun der Firma SpaceX agesat an ass eng Eegenentwécklung. Den Dreifstoff ass e Gemësch aus flëssegem Sauerstoff (LOX) an dem Rakéitendreifstoff RP-1. Den éischten Test vun engem komplette Merlin-1-Dreifwierk war no zwee Joer Entwécklungszäit am Juni 2004.

Merlin-1A-Dreifwierk

Varianten änneren

Merlin 1A änneren

Déi éischt Generatioun 1A vum Dreifwierk gouf ablativ gekillt. D'Dreifwierk gouf bei all de Flich vun de Falcon-1-Rakéiten agesat. Den éischte Fluch vum 24. Mäerz 2006 war kuerz nom Start duerch eng Fuite vun enger Dreifstoffleitung feelgeschloen. Beim zweete Fluch vum 21. Mäerz 2007 huet alles funktionéiert.

Merlin 1B änneren

Eng Tëscheversioun 1B koum ni zu engem Asaz.

Merlin 1C änneren

 
D'Merlin 1C fir d'Falcon 9

Déi drëtt Generatioun 1C koum beim drëtte Fluch vum 6. August 2008 zum Asaz. D'Killung gouf elo mam d'Dreifstoff gemaach. Déi zousätzlech Dreifstoffreschter an der Killschläif hunn dann zu engem Feeler bei der Stufentrennung gefouert, well beim Ofschalten vum Dreifwierk de Reschtschub méi lues ofgefall war, wéi et erwaart gouf an déi uschléissend Trennsprengung ze fréi erfollegt war. Dorophin kollidéierten déi béid Stufen, an d'Uwerstuf gouf beschiedegt.[1]

Bei de nächste Flich vun der Falcon 1 gouf d'Problem behuewen.

Merlin 1D änneren

Fir d'Falcon Heavy an eng verbessert Versioun vu Falcon 9 gouf dat weider am Schub vergréissert Merlin 1D entwéckelt.

Leeschtungskennzuelen änneren

Parameter Merlin 1A Merlin 1C Merlin Vacuum (1C) Merlin 1D
Dreifstoff LOX/RP-1
Vakuumschub 378 kN 569 kN 411 kN 689 kN
Spezifeschen Impuls am Vakuum 3.041 Ns/kg 2.981 Ns/kg 3.295 Ns/kg 3.040 Ns/kg
Dreifstoffduerchsaz 8,8 kg/s
Brennkummerdrock 6,14 MPa 9,72 MPa
Entspanungsverhältnes 14,5 117 14,5
Gewiicht 522 kg

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Merlin (Rakéitendreifwierk) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. SpaceX: Pressemitteilung zum Fehlschlag von Flug 3, 6. August 2008 (en)