Merian ass den Numm vun engem däitsche Rees-Magazin dat vum Hamburger Jahreszeiten Verlag zanter 1948 all Mount erausgi gëtt. All Ausgab beschäftegt sech mat enger geographescher Regioun: engem Land oder engem Landesdeel, enger Grupp vu Länner, oder enger Stad.

D'Mäerz 2007 Ausgab vum Merian.

An den Artikelen, Reportagen an Essayen, déi meeschtens mat ville Fotoen a Biller illustréiert sinn, ginn d'Geographie, d'Ekonomie, d'Politik, d'Geschicht, d'Konscht an d'Kultur, d'Muséeën, an och d'Gastronomie vun enger Regioun duergestallt.

Lëtzebuerg am Merian änneren

De Merian vum Mäerz 2007 dréit den Titel Luxemburg: Kulturhauptstadt 2007. Duergestallt sinn haaptsächlech d'Stad mä awer och aner Deeler vum Land.

D'Titelsäit weist eng Bannefoto vun der Philharmonie um Kierchbierg.

Literatur änneren

  • Manfred Bissinger (Hrsg.). Das große Merian-Buch. Hoffmann und Campe, Hamburg 2008, ISBN 3-455-50071-4.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren