De Merak (och "Mirak", arab. "Lend") ass de Stär Beta Ursae Maioris. De Merak mécht zesumme mam Dubhe den Ofschloss vun der Këscht vum grousse Won, deem seng Verlängerung iwwer den Dubhe eraus zum Polarstär weist. Dem Merak seng visuelle Magnitude ass +2,4 mag. Hie gehéiert zum Spektraltyp A1, a seng Distanz zu der Äerd ass 79 Liichtjoer.

Kaart vum Stärebild Ursa Major

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie