D'Stärebild Mensa steet um Südleche Stärenhimmel. Déi däitsch Bezeechnung „Tafelberg“ ass haut kaum nach am Gebrauch. D'Konstellatioun gëtt meeschtens haut no der laténgescher Bezeechnung, Mensa genannt.

Date vum Stärebild Mensa
Däitschen Numm Tafelberg
Lëtzebuergeschen Numm Mensa
Laténgeschen Numm Mensa
Laténgesche Geenitiv Mensae
Laténgesch Ofkierzung Men
Positioun um südlechen Himmel
Rektaszensioun 3h 12m bis 7h 36m
Deklinatioun -85° 15' bis -69° 44'
Fläch 153 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 0° bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Mensae,
5,09m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Dorado
Hydrus
Octans
Chamaeleon
Volans
Kaart vum Stärebild Mensa (Tafelbierg)

Beschreiwung änneren

D'Mensa ass e klengt Stärebild an der Géigend vum südlechen Himmelspol. Kee Stär ass méi hell wéi déi 5. Gréissteklass.

Nërdlech vum Mensa läit déi Grouss Magellanesch Wollek (LMC). Si ass eng kleng Begleetgalaxie vun eiser Mëllechstrooss.

Geschicht änneren

Den Numm vum Stärebild staamt vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille, dee vu 1751 bis 1753 de Südhimmel vum Kap vun der gudder Hoffnung aus observéiert huet.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 5,07m 33,1 G5 V
γ 5,18m 101 K4 III
β 5,30m 642 G8 III
θ 5,45m 356 B9 V
κ 5,46m 270 B9 V
η 5,47m 712 K6 III
μ 5,53m 483 B9 IV
ε 5,54m 466 K2 III
ζ 5,61m 404 A5 III
π 5,65m 59,4 G3 IV
δ 5,66m 408 K2 III
ν 5,77m 175 F0 V
ξ 5,84m 349 G8 III
ι 6,04m 796 B8 III
31 6,18m 349 A1 V
λ 6,18m 386 K0 III

Den α Mensae, hellste Stär am Mensa, huet nëmmen eng Visuell Magnitude vu 5,08m. Et handelt sech ëm ee giele Stär mat der Spektralklass G5 V mat änlech physikalesch Eegenschaften, wéi eis Sonn. De Stär ass 33 Liichtjoer vun eis ewech a vermëttelt een Androck, wéi eist eege Sonnesystem vu wäitem ausgesäit.

Niwwelegt Objet änneren

NGC divers Gréisst Typ Numm
LMC 5m Galaxie Grouss Magellanesch Wollek
1841 12,0m

Een Deel vun der Grousser Magellanescher Wollek (englesch: Large Magellan Cloude (LMC)) läit an der Mensa, deen aneren Deel am Stàrebild Dorado.

Déi Grouss Magellanesch Wollek ass dat hellst a gréisst niwwelegt Objet um Nuetshimmel. Si guet eng Gréisst vu fënnefmol 6°. Et handelt sech ëm eng kleng Begleetgalaxie vun eiser Mëllechstrooss op enger Distanz vun 180.000 Liichtjowe vun eis ewech. An hir si vill Stärekéip an Niwwelen, déi awer nëmme mat Teleskopen ze gesi sinn.

An der Mensa ass och dee liichtschwaache Kugelstärekoup NGC 1841.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Mensa – Biller, Videoen oder Audiodateien