Melusina

weiblech Seechefigur

Melusina ass den Numm vun enger weiblecher Seechefigur, déi hallef Mënsch, hallef Fësch ass. Verbreet sinn d'Soe vun der Melusina (och: Mélusine, Melusine) a Frankräich, an Däitschland an och zu Lëtzebuerg, wou s'allkéiers dem lokale Kolorit ugepasst goufen.

Bild vun der Melusina vum Julius Hübner

Urspréng änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Melusina gëtt no eeleren Usiichten mat der Artemis oder der Melissa a Verbindung bruecht, vläicht och mat der syrescher Gëttin Derketo, déi de Grof Guy de Lusignan 1102 op sengem Besëtz op Zypern kéint kenne geléiert hunn[Source?].

D'Melusina a Frankräich änneren

Aus Frankräich ass déi eelst Melusine-So bekannt. Tëscht 1392-94 huet de Jean d'Arras Mélusine ou La Noble Histoire de Lusignan geschriwwen, wouran och de Roman de Melusine virkënnt, déi op nach méi aler mëndlecher Iwwerliwwerung berout.

De Rainmondin (Raymond), ass dem schéine Melusina bei enger Quell am Bësch begéint; se hu sech bestuet a kruten 11 Jongen, déi sech all dichteg bei de Kräizzich ervirgedoen hunn. De Raymond huet der Melusina misse verspriechen, hatt samschdes eleng ze loossen, wou et sech heemlech an eng Waasserschlaang verwandelt huet. Och hei gëtt d'Versprieche gebrach, an d'Melusina verléiert säi Séilenheel.

 
Anonym Gravure vun 1870

Déi lëtzebuergesch Melusina änneren

D'Geschicht vun der Melusina huet réischt ënner dem Jang de Blannen Wuerzelen zu Lëtzebuerg geschloen, an zwar duerch de Chroniker an Dichter Guillaume de Machault (deen enger Strooss zu Märel an der Stad säin Numm ginn huet).

D'Melusina soll dem Grof Siegfried seng Fra gewiescht sinn. Wéi si sech bestuet hunn, hat d'Melusina een ausdréckleche Wonsch: hie sollt hatt all Samschden mat Rou loossen an och net probéieren erauszefannen, wat et méich.

Dat ass jorelaang gutt gaangen, mä enges Daags war dem Siegfried säi Virwëtz ze grouss. Hien ass der Melusina heemlech nogeschlach, wéi hatt sech a seng Gemäächer zeréckgezunn huet an hanner enger Dier verschwonnen ass, déi hatt ofgespaart huet. Hie luusst duerch d'Schlëssellach an erféiert: Do louch dach net seng Fra an enger Bidden, an amplaz vun hire Been hat si e Fëschschwanz. Wéi si matkritt huet, datt hiert Geheimnis entdeckt war, ass si aus der Fënster an d'Uelzecht gesprongen, a gouf zanterhier net méi erëmgesinn.

 
D'Melusina bei der Uelzecht am Gronn. Skulptur vum Serge Ecker

No der Melusina ass d'Serie "Segredos de Melusina" (= Geheimnisser vun der Melusina) genannt, eng Chronik iwwer d'Lëtzebuerger Gesellschaft, Kultur a Sprooch, déi zweemol am Mount an der portugiseschsproocheger Wochenzeitung Contacto erauskënnt, an dem Lieser einfach Begrëffer op Lëtzebuergesch erkläert.

Eng Plesiosaurier-Aart, déi zu Lëtzebuerg entdeckt gi war, krut de wëssenschaftlechen Numm Microcleidus melusinae.

Am Kader vun engem vun der Stad Lëtzebuerg 2013 fir hiren 1050. Anniversaire ausgeschriwwene Concours gouf dem Serge Ecker seng mat engem 3D-Drécker erstallten Melusina-Skulptur selektionéiert an de 14. Oktober 2015 am Gronn géigeniwwer vun der Abtei Neimënster ageweit.[1]

D'Melusina am däitschsproochege Raum änneren

Hei gëtt et verschidde Soen, eng aus dem Haarz (wou de Bueddag op freides fält), eng vu Stauffenberg (bei Offenburg), an eng aus dem Stollenwald (Baden), déi awer zimmlech vun der ursprénglecher Geschicht ofwäichen, an, ausser déi lescht, och eng 'anonym' Schlaangen- oder Fëschjoffer als Haaptfigur hunn, amplaz d'Melusina.

Dem Martin Luther war d'Geschicht vun enger Melusina vu Lucelberg (a Schlesien) bekannt. De Goethe huet 1807 an de Wilhelm Meisters Wanderjahre d'Geschicht vun Die wahre Melusine erzielt, déi de Franz Grillparzer zu engem Libretto and de Felix Mendelssohn zu senger Ouverture Die schöne Melusine inspiréiert huet.

Literatur änneren

Film änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Melusina – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Cf. Nonet 2015 an der Literatur.