De Meleagros war an der griichescher Mythologie en Held aus der Kalydonescher Juegd a vun den Argonauten. Hie war de Jong vum Kinnek vu Kalydon, dem Oineus, a senger Fra Althaia. De Meleagros hat zwee Gesëschter, den Thydeus an d'Deianeira.

Juegd vu Kalydon, de Meleagros erleet de Béier. Zeen op engem Sarkophag.

Siwen Deeg no senger Gebuert koumen déi dräi Moiren bei seng Mamm a soten hir, datt hire Bouf sou laang liewe géif bis e bestëmmt Holzstéck an der Feierplaz verbrannt wier. Fir dat ze verhënneren huet d'Althaia d'Feier geläscht an d'Holzstéck bei sech geholl a versuergt, fir datt hirem Bouf näischt geschéie sollt.

Schonn am ganz jonken Alter huet de Meleagros un der Rees vum Jason an den Argonauten (Idas, Poldeukes, Kastor, Peleus, Theseus, den Atalante,...) deelgeholl.

Nodeem hie vun senger Rees heem op Kalydon koum, huet hie gemierkt, datt an där Zäit wou hie fort war, d'Demeter, well se vergiess haten, eepes z'afferen, de Béier vu Kalydon an d'Stad geschéckt hat, fir seng Eltere fir dësen Affront ze bestrofen. Fir Kalydon ze retten huet hien d'Argonauten zesummengeruff fir de Béier ze joen. Nodeem d'Atalante de Béier blesséiert hat, huet de Melagros hien erluecht. Fir der Atalante hire Courage ze belounen, huet de Meleagros hir de Pelz vum Béier iwwerlooss, mä d'Bridder vum Althaia waren iwwer dës Trophee rosen, an hu se der Atalante geklaut. Doropshin huet de Meleagros déi zwéin ëmbruecht. Aus Trauer an aus Roserei iwwer de Verloscht vun hire Bridder huet d'Althaia dat Stéck Holz, dat se versuergt hat, an dat dem Meleagros säin Iwwerliewe garantéiert hat, an d'Feier gehäit, wou et verbrannt ass a sou de Meleagros ëmbruecht huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Meleager – Biller, Videoen oder Audiodateien