Dës Säit beschäftegt sech mat der australescher Stad Melbourne. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Melbourne (Homonymie).

Melbourne ass d'Haaptstad vum australesche Bundesstaat Victoria, an ass déi zweetgréisst Stad an Australien. Iwwer 140 Natioune wunnen zu Melbourne.

Melbourne
D'Skyline vu Melbourne

D'Skyline vu Melbourne
D'Skyline vu Melbourne
Land: Australien
Bundesstaat: Victoria
Administratioun: Melbourne City Council
Fläch: 1.705 km²
Awunner: 4.485.211 Aw.  (2016)
Bevëlkerungsdicht: 1.985 Aw. / km²
Buergermeeschter: John Chun Sai So
Koordinaten: 37° 48’ 39’’ S
      144° 57’ 55’’ O
D'Lag vu Melbourne an Australien

D'Lag vu Melbourne an Australien
D'Lag vu Melbourne an Australien
Stied - Bundesstaaten - Groussstied

Geographie änneren

Melbourne läit am Südweste vun Australien, grenzt un d'Port Philipp Bucht an zitt sech an de Weste bis zum Yarra River hin. Et ass vun Norde bis Süde 70 km laang an huet vum Oste bis Westen iwwer 50 km. Melbourne ass an 31 Bezierker agedeelt an all Bezierk huet säin eegene Buergermeeschter.

Geschicht änneren

Melbourne gouf am Joer 1835 gegrënnt an huet säin Numm vum deemolege brittesche Premierminister Lord Melbourne. Grënner vun der Stad sinn den John Batman an den John Pascoe Fawker aus Tasmanien. 1851 ass zu Melbourne dat éischt Gold fonnt ginn. 1956 waren zu Melbourne d'Olympesch Spiller.

Klima änneren

Melbourne huet 5,6 Sonnestonnen am Dag, an 147 Reendeeg am Joer.

Kuckeswäertes änneren

  • D'Flinders Street Station: De Quai Nummer 1 vun der Flinders Street Station zielt zu deene längste vun der Welt. En huet 708 Meter.
  • De Musée vu Melbourne
  • De Royal Botanic Garden
  • De Rialto Tower, en 253 Meter héijen Tuerm, vun deem sengem 55. Stack ee sech Melbourne ukucke kann.
  • Den Eureka Tower, 291 Meter héich
  • De Federation Square: Am Komplex, dee vis-à-vis vun der Flinders Street Station ass, ass ëmmer vill lass. D'Architektur ass onreegelméisseg an d'Gebai ass ronderëm d'Maartplaz gebaut.
  • D'St. Patricks Cathedral: Si ass dee schéinste Sakralbau vun Australien
  • Den Atrium: D'Gebai um Federation Square ass eng riseg Galerie aus Glas. Et war ee vun de gréisste Bauprojete vun Australien
  • D'Melbourne Docklands: Do, wou fréier déi al Hafenanlage stoungen, entsteet e ganz neien a moderne Staddeel.
 
D'Melbourne Docklands

Um Spaweck änneren

Commons: Melbourne – Biller, Videoen oder Audiodateien