Meisenheim ass eng kleng däitsch Stad an der Verbandsgemeng Meisenheim am Landkrees Bad Kreuznach a Rheinland-Pfalz.

Meisenheim
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Bad Kreuznach
Verbandsgemeng Meisenheim
Awunner 2.839
 (31. Dezember 2022)
Fläch 10,34 km²
Héicht 232 m
Koordinaten 49° 42’ 31.39’’ N
      07° 40’ 23.21’’ O
Telefonszon 06753
Postcode 55590
Websäit http://www.meisenheim.de


Geographie änneren

Meisenheim läit am Dall vum Glan um nërdleche Bord vum Nordpfälzer Bergland.

Kuckeswäertes änneren

  • d'Alstad
  • déi spéitgotesch evangeelesch Schlasskierch mat enger Stumm-Uergel
  • d'Renaissance-Griewer an der Schlasskierch
  • d'Rathaus vu 1517
  • d'Schlass vu 1614
  • déi fréier Synagog
  • d'Stadmauer
  • Adelshäff

Um Spaweck änneren

     
Op der Glan Plaz mat Stadpaart An der Alstad
Commons: Meisenheim – Biller, Videoen oder Audiodateien