Meccano Ltd. ass e brittesche Spillgezeifabrikant deen de Metallbaukasten Meccano, an aner Spillsaache fabrizéiert.

Eng Dampmaschinn vu Meccano

De Meccano gouf awer net nëmmen an England fabrizéiert, mä och a Frankräich, Däitschland, Spuenien, Argentinien, Mexiko an an den USA, a gëtt hautdesdaags a China haaptsächlech fir de japanesche Maart produzéiert. Ee vun de gréisste Modeller dovun ass de Baukasten mat dem Numm King Gidorah mat ronn 1.700 Eenzeldeeler vun 2007.

D'Geschicht vu Meccano fänkt am Fong schonn zwee Joer virun der Grënnung vun der Firma un. De Frank Hornby Grënner vun der Firma huet 1899 ugefaange Spillsaache fir säi Bouf ze bauen. Dat huet hie mat Stécker gemaach déi en aus Metall erausgeschnidden an zesummesat huet. Hien huet op déi Manéier Autoen, Brécken a Kraner gebaut, a bei där Kniwwelerei huet hie realiséiert dat hie vill Stécker gebraucht huet déi sech am Fong ëmmer geglach hunn, a bei der enger Konstruktioun sou gutt konnte gebraucht gi wéi bei den aneren.

D'Patent vun där Standardiséierung vu Metallbanden mat Lächer déi all de selwechten Duerchmiesser an déi selwecht Distanz vuneneen haten a konnte mateneen a verschiddene Kombinatioune verschrauft ginn, gouf am Januar 1901 deposéiert.

Am Ufank war d'Fabrikatioun op handwierklechem Niveau. Dee Maart war favorabel fir dat Geschäft, soudatt scho virum Éischte Weltkrich, konnt op industriellem Niveau produzéiert ginn.

De 14. September 1907 gëtt MECCANO eng geschützte Mark, an 1912 gëtt de Meccano fir d'éischt an engem Depot zu Paräis op N°5 an der Rue Ambroise Thomas op de Maart bruecht. Dat Geschäft gëet vu sengem eelste bouf Roland geleet.

De Meccano deen am Ufank vernéckelt war gouf an ëmmer mé grousse Baukastekëschten op de Maart bruecht. De Prinzip dobäi war datt ee konnt eng Basiskëscht kafen, a sech duerno duerch de Kaf vun enger Komplementarkëscht op déi nächst Gréisst vu Këscht eropschrauwen.

D'Haaptkëschte war vun 0 bis 10 numeréiert. D'Këscht N°10 war déi eenzeg déi aus Holz war a si hat véier Tiräng.

An den 20er Jore war d'Fabrick an der Binns Road a voller Expansioun, an nieft der Filial a Frankräich huet Meccano eng Fabrick an Amerika opgemaach, déi se 1929 un d'Firma Gilbert verkaaft huet.

1921 gouf zu Paräis an der Rue Rébeval en neit Distributiounsgebai opgeriicht. D'Aktivitéit blouf och do am Ufank op Import a Verkaf limitéiert, mä no an no sinn do och Atelieren entstanen déi et erlaabt hunn onofhängeg vun England ze produzéieren.

Tëscht 1920 an 1924 koumen déi éischt d'Zich an d'Produktion, am Ufank de mechanesche Meccano Zulu, duerno mechanesch Hornby a gläich drop elektresch Hornby. Déi éischt Zich déi mat Meccanosschrauwen zesummegesat waren, konnt een op- an ofriichten.

An der zweeter Hallschent vun den zwanzeger Jore ginn Metallstécker lackéiert. Déi fest Placken, d'Rieder an d'Poulië ware rout, an d'Banden an déi gebéite Profiller ware gréng. De System huet aus méi wéi 200 verschiddenen Deeler bestanen. D'Haaptkëschte ware vun 0 bis 7 numeréiert, an d'Komplementarkëschten 00A, 0A, 1A asw.

Déi franséisch Këschte goufen an der neier Fabrick zu Bobigny produzéiert, an d'Firma Poch fabrizéiert ënner Lizenz zu Barcelona exklusiv fir de spuenesche Maart.

D'Begeeschterung vun de Leit fir d'Autoen an d'Fligeren, hunn et mat sech bruecht datt Meccano speziell Këschte fir Autos-a Fligerbauer erausbruecht huet.

An der Mëtt vun den 30er Jore ginn dé gréng a rout Faarwen duerch Gëllen a Blo mat giele Kräizercher ersat. Déi nei Këschte gi vun A bis L numeréiert, et waren der deemno zéng, ouni d'Komplementarkëschten.

An deene Jore war den Héichpunkt vun deem Spillgezei erreecht. Nieft den normale Këschten, den Autos- an de Fligerkëschten, gouf et nach Theemekëschte fir Elektresch, Chimie an d'Arméi. Et ass och déi Zäit, an där d'Dinky Toys op de Maart koumen.

Enn der drësseger Joren, kréien d'Haaptkëschten d'Numerotatioun vun 0 bis 10, an d'Komplementarkëschte vun 0A bis 9A.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich gouf d'Produktioun komplett gestoppt. Vill Mataarbechter goufen Zaldot, an et war och keng Nofro méi fir Spillsaachen. An der englescher Meccanosfabrick gouf Krichsmaterial produzéiert.

Nom Krich war et net einfach fir d'Produktioun erëm un d'Lafen ze kréien. D'Leit haten aner Suergen, wéi Spillsaachen ze kafen, an et huet och vill u Réistoffer gefeelt. An der englescher Fabrick ginn d'Stécker déi Zäit rout a gréng ugestrach, awer a Frankräich bleift et bei Blo a Gold, bis déi bis Ufank der 50er Joren och rout a gréng geholl hunn.

Wéi se dunn Ufank der fofzeger Joren erëm eenegermoosse fouss gefaasst haten, ass d'Konkurenz vu Plastiks- Spilsaachen ugaangen, an d'Gamm vun de proposéierte Spillsaachen ass séier méi grouss ginn.

Tëscht de Joren 1964 an 1970 changéieren d'Faarwen nach e puermol, an 1979 mécht d'Stackhaus zu Liverpool seng Dieren zou, mä a Frankräich, wou d'Fabrick an der Tëschenzäit onofhängeg vun England gouf gëtt weiderproduzéiert.

Ëm 1990 keeft Meccano France an Amerika déi geschützt Mark Erector a verkeeft seng Produkter an Amerika ënner der Mark Erector Meccano.

Duerno gouf d'Mark vu verschiddene multinationale Gesellschafte kontrolléiert a gehéiert haut zu Nikko. Verschidde Këschte ginn a China produzéiert.

Am Laf vu senger Geschicht gouf Meccano dacks kopéiert an imitéiert. Et gëtt ongeféier 1.500 verschidde Metallbaukëschten op der Welt déi bei Meccano geknäipt hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Meccano – Biller, Videoen oder Audiodateien