Mebsuta (déi „Ausgestreckten“) ass d'Bezeechnung vum Stär ε am Stärebild Gemini (Epsilon Geminorum). Den Epsilon Geminorum huet eng visuell Magnitude vu +3,2 mag a läit op enger Distanz vun 900 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech (Hipparcos Datenbank). De Spektraltyp vum Mebsuta ass G5. Alternativ Nimm sinn: Melboula, Melucta.

De Mebsuta läit op der Ekliptik a ka vum Äerdmound oder vun engem Planéit bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Mebsuta duerch e Planéit war den 8. Abrëll 1976 duerch de Planéit Mars (Planéit) an déi virlescht war den 10. Juni 1940 duerch de Planéit Merkur (Planéit).

D'Koordinaten (Equinoxe 2000)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie