De Max Kohnstamm, gebuer den 22. Mee 1914 zu Amsterdam, a gestuerwen den 20. Oktober 2010 zu Amsterdam, war en hollänneschen Historiker, Diplomat an een iwwerzeegten Europäer, dee schonn an de fofzeger Joren zu Lëtzebuerg als Generalsekretär vun der Haute Autorité beim Opbau vun Europa dobäi war.

Max Kohnstamm
Gebuer 22. Mee 1914
Amsterdam
Gestuerwen 20. Oktober 2010
Amsterdam
Nationalitéit Holland
Educatioun Universiteit van Amsterdam
Aktivitéit Diplomat, Historiker, Resistenzler
Member vun Club de Rome

De Max Kohnstamm huet modern Geschicht studéiert. No sengen zwéin Kandidatsexamen ass hien 1938-1939 ee Joer an Amerika gaangen, fir do weiderzestudéieren.

Nom Krich war hie Privatsekretär vun der hollännescher Kiniggin Wilhelmina (1945-1948). Vun 1952 bis 1956 war hie Generalsekretär vun der Haute Autorité vun der CECA zu Lëtzebuerg. 25 Joer laang huet hie mam Jean Monnet zesummegeschafft.

Hie war och President vum Comité d'Action pour les Etats Unis d'Europe, deen de Jean Monnet opgeriicht hat, fir der europäescher Iddi weider ze déngen.

Vun 1976 bis 1981 war hien den éischte President vun der Europäescher Universitéit zu Florenz.

1977 huet de Max Kohnstamm de Wateler Vredespräis, 1987 de Jean Monnetpräis an 2004 ee vun de Four Freedoms Awards kritt.

Bibliographie änneren

  • Wilhelmina: een levensgeschiedenis in foto's, 1948, zesummegestallt vum Jane de Jongh a Max Kohnstamm
  • 'Nog is er geen oorlog': Bréifwiessel tëscht Max a Philip Kohnstamm 1938-1939, 2001, beaarbecht vum Dolph Kohnstamm, Amsterdam University Press, ISBN 9056292013
  • Still no war: A Correspondence Between Two Dutchmen - son Max and father, Philip Kohnstamm, 2003, London: Athena Press, ISBN 1844010554.
  • Brieven uit 'Hitlers Herrengefängnis', 2005, ISBN 9023415590

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Max Kohnstamm – Biller, Videoen oder Audiodateien