Ee Maulkuerf gëtt benotzt, fir d'Aktiounsfräiheet vun engem Hond mat senger Schnëss anzeschränken. Dëst soll d'Gefor méi kleng maachen, datt en Hond Leit oder Déieren ufält (kuckt och Maulkuerfflicht). Hënn kréien e Maulkuerf ugedoen, wa Gefor besteet datt d'Déier duerch de Stress vun ongewinnte Situatiounen aggressiv gëtt, oder bei de Rassen, fir déi d'Gesetz e Maukuerf virschreift.

Am iwwerdroene Sënn gëtt dee Begrëff och pejorativ fir Moossname benotzt, déi no der Meenung vun de Betraffenen hir Aktiouns- oder meeschtens hir Meenungsfräiheet géifen aschränken. Sou gouf 1937 zu Lëtzebuerg e Gesetz, dat virun allem d'kommunistesch Partei verbidde sollt (an dat an engem Referendum ofgeleent gouf), vu senge Géigner "Maulkuerfgesetz" genannt.

Och een Theaterstéck vum Josy Christen dréit den Titel De Maulkuerf. Den Déifferdanger Theaterclub heescht Amicale de Maulkuerf, well dat dat éischt Stéck war wat se gespillt haten.

Um Spaweck änneren

Commons: Muzzles – Biller, Videoen oder Audiodateien