Matti Vanhanen

finnesche Politiker

De Matti Taneli Vanhanen, gebuer de 4. November 1955 zu Jyväskylä, ass e finnesche Politiker.

Matti Vanhanen
Gebuer 4. November 1955
Jyväskylä
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker, Blogger, Journalist

Hien ass zanter 1975 Member vun der finnescher Zentrumspartei (Suomen Keskusta), wouvun en 2000 Vizepresident gouf a vum Oktober 2003 bis Juni 2010 President war.

Hie war zwéi Méint Verdeedegungsminister an duerno, vum Juni 2003 bis de Juni 2010 Premierminister vu Finnland. Seng Nofollgerin als Premierministesch gouf d'Mari Kiviniemi.

De 7. Juni 2019 gouf hie vum finnesche Parlament zum neie Parlamentspresident gewielt.

De Matti Vanhanen huet en Universitéitssofschloss a Politikwëssenschaften an huet viru senger politescher Karriär als Journalist geschafft.

Um Spaweck änneren

Commons: Matti Vanhanen – Biller, Videoen oder Audiodateien