De Matthias Ettrich, gebuer de 14. Juni 1972 zu Bietigheim an Däitschland, ass en däitschen Informatiker a Grënner vum KDE-Projet.

Matthias Ettrich
Gebuer 14. Juni 1972
Bietigheim-Bissingen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Softwareingenieur, Informatiker, Ingenieur, Programméierer

Zanter 1995 ass de Matthias Ettrich Autor vum LyX-Projet, e graphesche Frontend fir TeX, deen hien als Student an enger Universitéitsaarbecht an d'Liewe geruff huet. Well LyX haaptsächlech fir Linux geduecht war, war hien op der Sich fir de Linux Desktop ze vereinfachen. 1996 huet hien du schliisslech KDE, eng fräi graphesch Benotzeruewerfläch fir Unix am Usenet an Ugrëff geholl, déi um Qt GUI Toolkit baséiert.

Hien huet um Wihelm-Schickard Institut fir Informatik op der Eberhard-Karls Universitéit zu Tübingen studéiert a schafft momentan bei Trolltech un der Weiderentwécklung vu Qt, der Toolkitbasis vu KDE.