Beim Massaker vu Katyn goufen am Fréijoer 1940 an engem Bësch bei Katyn (Russesch Sozialistesch Federativ Sowjetrepublik (RSFSR), pl. Katyń) e puer dausend polnesch Offizéier duerch Unitéite vum sowjeteschen Inneministère (NKWD) erschoss. D'Massaker war Deel vun enger Aktioun, bei där, op Uerder vum Kreml, ronn 22.000 Polen – Offizéier, Polizisten, Intellektueller a soss Eliten – op verschiddene Plazen an der RSFSR, der Ukrain an a Wäissrussland ermuert goufen. Well d'Massegraf bei Katyn laang dat eenzegt bekannt war, gëtt dacks déi ganz Aktioun "Massaker vu Katyn" genannt.

Eent vun de Massegriewer

Wéi d'Wehrmacht 1943 d'Griewer entdeckt huet, huet d'polnesch Exilregierung zu London hir Bezéiungen zu der Sowjetunioun ofgebrach. De Massaker gouf ufanks vun der NS-Propaganda instrumentaliséiert, iwwerdeems déi sowjetesch Féierung ënner dem Stalin d'Wehrmacht beschëllegt huet, fir de Massaker verantwortlech ze sinn.

De Michail Gorbatschow huet 1990 kloergestallt, datt d'Sowjetunioun fir de Massemuerd zu Katyn verantwortlech war.

Um Spaweck änneren

Commons: Massaker vu Katyn – Biller, Videoen oder Audiodateien