E Maschinenring ass en Zesummeschloss vu landwirtschaftleche Betriber, fir zesumme grousst Material - Trakteren, Méidrescher,... - zesummen ze notzen, an och, fir landwirtschaftlech Aarbechtskräfte bei Iwwerkapazitéiten ze vermëttlen. Si kënnen als Veräin oder als Genossenschaften organiséiert ginn.

An der Lëtzebuerger Landwirschaft ginn déi Kooperatiounsforme vum Staat nohalteg ënnerstëtzt, well se zu enger Reduktioun vun de feste Käschte féieren an domat zu der Erhalung an der Verbesserung vun der Kompetitivitéit vun de Betriber bäidroen.

D'Maschinenringe sinn zu Lëtzebuerg tëscht 1972 an 1974 a Form vu Genossenschaften entstanen.[1]

Missioun vum Maschinen und Betriebshilfsring Lëtzebuerg (MBR) änneren

  • Bereetstellung an Austausch vu landwirtschaftleche Maschinnen
  • Vermëttlung vu Hëllëfskräften (bei Onfäll, Krankheet, Congé)
  • Organisatioun vun der Informatioun (Fachkonferenzen, Sammelabonnementer, asw.)
  • Berode beim Akaf vu landwirtschaftleche Maschinnen.

Um Spaweck änneren

Websäit vum MBR

Referenzen änneren

  1. de 27. Oktober 2012 huet den MBR 40 Joer gefeiert