Mary Pickford

amerikanesch Schauspillerin (1892-1979)

D'Mary Pickford, mat hirem richtegen Numm Gladys Mary Smith, gebuer den 8. Abrëll 1892 zu Toronto a Kanada a gestuerwen den 29. Mee 1975, war eng kanadesch Filmschauspillerin.

Mary Pickford
Portrait vun 1925
Gebuertsnumm Gladys Louise Smith
Gebuer 8. Abrëll 1892
Toronto
Gestuerwen 29. Mee 1979
Santa Monica
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Kanada
Aktivitéit Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Schauspiller
Partei Republican Party
Famill
Bestuet mat Owen Moore, Douglas Fairbanks, Charles Rogers
Mamm Charlotte Hennessy
Geschwëster Lottie Pickford

Si huet vun 1909 un an ongeféier 80 klenge Filmer gespillt a war am Ufank nëmmen ënner dem Numm Little Mary bekannt.

No 1913 huet si a Filmer vum Maurice Tourneur an Cecil B. De Mille gespillt.

Si huet 1919 mam D.W. Griffith, Charlie Chaplin an Douglas Fairbanks d'United Artists gegrënnt. Dat Joer drop huet si sech mam Douglas Fairbanks bestuet.

Géint 1929 huet si decidéiert, mam Filmen opzehalen an huet sech an d'Privatliewen zeréckgezunn.

Grouss Filmer wou si eng Roll hat änneren

  • 1914 A Good Little Devil (E.S.Porter)
  • 1916 Cinderella (J.A.. Kirkwood)
  • 1916 The Little American (C.B. De Mille)
  • 1917 The Little Princess (M.A. Neilman)
  • 1917 The Poor Little Rich Girl (M. Touneur)
  • 1919 Daddy-Long-Legs (M.A. Neilan)
  • 1922 Little Lord Fauntleroy (A.E. Green)
  • 1925 Little Annie Rooney (W. Beaudine)
  • 1928 The Battle of the Sexes (D.W. Griffith)
  • 1929 The Taming of the Shrew (S. Taylor)
  • 1933 Secrets (F. Borzage)

Um Spaweck änneren

Commons: Mary Pickford – Biller, Videoen oder Audiodateien