De Marto-Pillo, eng Verballhornung vum franséische Marteau-pilon ass e mechanescht ugedriwwent Handwierksgeschier an enger Schmëdd. De Marto-Pillo dee géint 1841 entwéckelt gouf war e grousse Schratt no vir an der Beaarbechtung vum Eisen, an dofir ganz wichteg fir d'Eisenindustrie déi déizäit a voller Expansioun war.

E Marto-Pillo 1943 an enger Schmëdd zu Santa Fé
En hydraulesch gedriwwene Marto-Pillo
Marto-Pillo um Rond-Point vun der Nationale 3 zu Hognoul, bei Awans an der Provënz Léck

D'Originne vum Marto-Pillo si contestéiert. En Exposé am Detail vun där Contestatioun, et dréint sech drëm op de François Bourdon oder den James Nasmyth bei der Entwécklung d'Nues vir hat, kann op der Säit vun der Académie François Bourdon nogekuckt ginn:

Detailer iwwer de Marto-Pillo op Franséisch.

Ouni wëllen d'Argumenter all opzeziele kann dat heite gesot ginn:

  • De Prinzip war scho vum Watt ausgedréckt ginn.
  • No eegenen Aussoe vum James Nasmyth a senge Memoiren, ass et kloer datt den éischte Marto-Pillo, dee mat Damp funktionéiert huet, en Hummer war dee vum François Bourdon an der Schmëdd vu Creusot gebaut gouf an do zanter 1841 funktionéiert huet. Gewicht vum Hummer war 2,5 Tonnen.
  • De Croquis deen den James Nasmyth dem François Bourdon sollt gewisen hunn ass zimmlech iwwerflächlech, an den Nasmyth bréngt keng Prouf vu senge Behaaptungen. Seng eege Konstruktioune waren all méi spéit wéi dem Bourdon seng.

D'Fabrécke vum Creusot hunn déizäit Marto-Pilloe fir hiren eegene Gebrauch a fir de Verkaf un aner Entreprise gebaut.

Dunn ass eng Course mat der Entwécklung vun ëmmer méi décken Himmer ugaangen. De François Bourdon deen 1865 gestuerwen ass huet dee gréissten Hummer awer net méi gesinn. Dee gouf 1876, um Creusot gebaut mat enger Hummermass vun 80 Tonnen, déi séier duerno op 100 Tonnen eropgesat gouf.

Den éischten Hummerschlag war den 23. September 1877, a wann en an Aktioun war huet en de Schlag bis op 10 km ewech héieren. Dësen Hummer war lanng Zäit d'Symbol vun der Iwwerleeënheet vun de Schmëtte vum Creusot an e war och laang den eenzege vun där Stäerkt op der ganzer Welt.

Spéider hu grouss Schmëtte wéi déi vu Saint-Chamond, bei Saint-Étienne, Terni an Italien, a Bethlehem an Amerika och sou Himmer opgeriicht.

Den Hummer gouf 1930 ofgeriicht a Monument Industriel International vun der American Society of Mechanical Engineers klasséiert.

De Marto-Pillo ass den Emblème vun der Stad Le Creusot, an e gouf an der Süd-Entrée vun der Stad op der Place du 8 Mai 1945 erëm opgeriicht, a bei Geleeënheet vum Tour de France 1998 frësch lackéiert.

Zanter dem Mëttelalter gouf et awer schonn Marto-Pilloen, mat engem horizontal montéierten Hummer, deen duerch eng Nockewell gehuewe gouf, déi un ee mat Waasser gedriwwent Rad gekoppelt war. Bei den Himmer aus dem 19. Joerhonnert gouf am Fong nëmmen d'hydraulesch Kraaft duerch den Damp ersat.

Um Spaweck änneren

Commons: Marto-Pilloen – Biller, Videoen oder Audiodateien