De Martin Ontiveros, gebuer de 6. Dezember 1991 zu Austin (Texas), ass e fréieren US-Amerikanesche Foussballspiller.

Martin Ontiveros
Gebuer 6. Dezember 1991
Austin
Nationalitéit USA
Aktivitéit Foussballspiller
Gréisst 173 Zentimeter
Famill
Geschwëster Omar Ontiveros

2015 hunn hien a säi Brudder Omar de Wee op Lëtzebuerg an d'Éierepromotioun fonnt,[1] de Martin goung bei den RM Hamm Benfica, wou hie bis 2016, zwee Matcher gespillt huet.[2] Säi Brudder Omar goung bei den CS Gréiwemaacher.

Vun 2016 bis 2017 war hie bei der Jeunesse Esch, an huet an 8 BGL Ligue-Matcher 1 Gol geschoss.[3] Nodeems hien zu Lëtzebuerg net wierklech Fouss gefaass huet, goungen hien a säi Brudder zeréck an d'USA.[4]

Referenzen änneren

  1. https://www.themonitor.com/2017/05/12/pharr-native-ontiveros-makes-homecoming-signing-with-rgv-fc-toros/
  2. https://www.transfermarkt.com/martin-ontiveros/profil/spieler/236589
  3. https://www.jeunesse-esch.lu/player/martin-ontiveros-14559
  4. https://www.wort.lu/fr/sport/transfert-les-freres-ontiveros-ont-quitte-le-pays-587cdcd3a5e74263e13a9130