Martelange

belsch Gemeng an Uertschaft an der belscher Provënz Lëtzebuerg

Martelange (Lëtzebuergesch: Maartel; Däitsch: Martelingen; Wallounesch: Måtlindje, Martlindje[1]) ass eng Gemeng an Uertschaft an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Martelange
Kierch vu Maartel
Aussprooch
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Awunner 1.820 (1. Januar 2018)
Fläch 29,67 km²
Koordinaten 49°49'52"N, 5°44'14"O
Telefonszon 063
Postcode 6630
Websäit https://www.martelange.be
De Grenzverlaf: d'Strooss ass belsch, alles lénks dervun (rout Haus, Bensinnsstatiounen) steet op Lëtzebuerger Säit. Am Bild och eng Grenzmaark vun 1843.

Maartel läit op der Sauer, direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg.

Op annerhallwem Kilometer mécht d'N4, déi vu Bréissel op Arel geet, d'Grenz mat Lëtzebuerg. Dat huet mat sech bruecht, datt op der ganzer Längt, op der Lëtzebuerger Säit, zu Roumecht, eng Bensinnsstatioun un där aner ass.

D'Nationale 4 gehéiert tëscht der Grenz um Rosenberg a Baaschtnech zu der Voie de la Liberté.

D'Camionsexplosioun 1967 änneren

Den 21. August 1967, op Kiermesméinden, hat e franséische Camion, deen aus Richtung Baaschtnech koum an dee 47.000 Liter Flësseggas (Propylen) gelueden hat, mëttes um zéng op zwielef, wéi d'Leit aus der Kierch komm sinn, d'Kéier matzen an der Uertschaft verpasst, ass an d'Mauer vun der Sauerbréck gerannt an doropshin explodéiert. 22 Doudesaffer waren ze bekloen an eng Rëtsch Haiser si komplett verbrannt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Camionsexplosioun zu Maartel.

Monumenter an Natur änneren

Zu Maartel stinn ënner Naturschutz respektiv ënner Monumentschutz (an der Belsch Biens classés):

  • Zu Maartel selwer:
    • de Wäschbuer an der Groussstrooss (klasséiert den 20/10/1980)
    • d'Louheck op der Gewan in der Wolsch (klasséiert den 21/06/1977)
  • Zu Gréimel
    • D'Kapell vum Hl. Jousef (klasséiert den 09/12/1991).

Krichsmonumenter änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Martelange – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
En zweesproochegt Stroosseschëld
  1. Lokal zu Fauvillers (Michel Francard, Dictionnaire des parlers wallons du pays de Bastogne, De Boeck-Wesmael, Bruxelles, 1994, ISBN 2-8041-1957-2, a « Martlindje »)