Mark Rutte

hollännesche Politiker

De Mark Rutte, gebuer de 14. Februar 1967 zu Den Haag ass en hollännesche Politiker (VVD). Hien ass zanter dem 14. Oktober 2010 Ministerpresident (Premierminister) vun Holland.

Mark Rutte
Gebuer 14. Februar 1967
Den Haag
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit vu Leiden
Aktivitéit Politiker, Historiker, Enseignant

No sengem Geschichtsstudium zu Leyden huet de Mark Rutte bei Unilever geschafft, wou e Gestionnaire a méi spéit Direkter vum Personalservice war. 2002 gouf hie Staatssekretär fir Aarbecht a Sozialversécherung an der éischter Regierung vum Jan Peter Balkenende. 2003, no virgezunnen Neiwalen, huet hien déi selwecht Funktioun behalen, gouf dann awer 2004 Staatssekretär fir Beruffsausbildung an Héichschoulen. 2006 gouf hien zum politesche Chef vu senger Partei, der rietsliberaler VVD, gewielt a gouf kuerz duerno, nodeem en d'Regierung verlooss hat, hire Fraktiounschef an der Zweeter Chamber.

2006 gouf et nees fréizäiteg Neiwalen, an d'VVD koum an d'Oppositioun. Bei de Parlamentswale vun 2010 huet d'VVD, där hire Spëtzekandidat de Rutte war, Campagne mat den Theemen 'Erofsetze vun der Staatsschold' a 'méi streng Immigratiounsreegele' gemaach a gouf déi stäerkst Partei.

Véier Méint no de Wale koum et zu enger Koalitiounsregierung mat der chrëschtlech-sozialer Partei CDA, déi awer keng Majoritéit am Parlament hat an op d'Ënnerstëtzung vum Geert Wilders senger PVV ugewise war. Am Abrëll 2012 huet d'PVV hir Ënnerstëtzung wéinst Meenungsverschiddenheeten zu Spuermoossname beim Staatsbudget refuséiert, an dem Rutte seng Regierung huet missen hire Récktrëtt ubidden.

Bei de virgezunnen Neiwalen am September 2012 krut dem Rutte seng VVD déi meescht Stëmmen, zweetstäerkst Partei war d'Partij van de Arbeid. De 5. November 2012 koum et zu enger Regierung vun enger grousser Koalitioun tëscht deenen zwou Parteien, de Rutte gouf nees Ministerpresident.

Um Spaweck änneren

Commons: Mark Rutte – Biller, Videoen oder Audiodateien