De Mark Leon Medlock gebuer den 9. Juli 1978 zu Frankfurt am Main, ass en däitsche Pop-Sänger.

Mark Medlock
Gebuer 9. Juli 1978
Frankfurt am Main
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger
De Mark Medlock bei engem Conzert (2008)

Karriär änneren

Hie gouf 2007 duerch déi véiert Staffel vun der däitscher Castingshow Deutschland sucht den Superstar (DSDS) bekannt, an där hien an der Finall géint de Martin Stosch gewonnen huet. Säin éischten Album Mr. Lonely konnt sech an Däitschland op der éischter Plaz an den Charts placéieren. Och d'Single Now or Never huet sech op der éischter Plaz an den däitschen, den éisträicheschen an de Schwäizer Singlecharts placéiert.

Den zweeten Album Dreamcatcher (2007) gouf wéi säin Debutalbum vum Dieter Bohlen produzéiert. D'Single You Can Get It war e grousse Summerhit am däitschsproochege Raum an och d'Lidd Unbelievable huet et op déi véiert Plaz an Däitschland gepackt. D'Joer drop hat d'Singleauskoppelung Summer Love vum Album Cloud Dancer nees vill Erfolleg. Och 2009 an 2010 haten dem Medlock seng Lidder vill Succès.

Am September 2011 hunn den Dieter Bohlen an de Mark Medlock bekannt gemaach, datt si net méi géife matenee schaffen, well de Medlock sech musikalesch weiderentwéckele wéilt. Am selwechte Joer huet hien d'Single The Other Side of Broken an de Soulcoveralbum My World verëffentlecht.

Obwuel de Medlock 2013 d'Enn vu senger musikalescher Karriär annoncéiert hat, huet hien 2014 den Album Im Nebel erausbruecht, op deem Lidder op Däitsch an op Englesch ze fanne sinn.

De Mark Medlock ass de kommerziell erfollegräichste Gewënner vun DSDS.

Optrëtter bei DSDS änneren

Top-20-Show Leed Interpret Uriff a Prozent
1. Top-20-Show Easy Lionel Richie 41,25 % (Plaz 1 von 9)
2. Top-20-Show Ain't No Sunshine Bill Withers 33,23 % (Plaz 1 vu 7)
Mottoshow Leed Interpret Uriff a Prozent
Greatest Hits Hello Lionel Richie 25,85 % (Plaz 1 vun 10)
Hits der 80er und 90er Unchain My Heart Joe Cocker 30,77 % (Plaz 1 vun 9)
Power of Love Endless Love Lionel Richie & Diana Ross 30,43 % (Plaz 1 vun 8)
Hits von Heute You Give Me Something James Morrison 31,64 % (Plaz 1 vu 7)
Big Band Unforgettable Nat King Cole 34,62 % (Plaz 1 vu 6)
Die größten Diven und Helden der Musik I Heard It Through the Grapevine Marvin Gaye 36,06 % (Plaz 1 vu 5)
Three Times a Lady Lionel Richie
Hits der 70er, Disco und Dedicated to … You're My First, My Last, My Everything Barry White 48,13 % (Plaz 1 vu 4)
Stand By Me Ben E. King
Songs der Jury You Can Leave Your Hat on (ausgewielt vum Heinz Henn) Joe Cocker 59,00 % (Plaz 1 vun 3)
My Girl (ausgewielt vun der Anja Lukaseder) The Temptations
(Sittin' on) The Dock of the Bay (ausgewielt vum Dieter Bohlen) Otis Redding
Finale What a Wonderful World Louis Armstrong 78,02 % (Plaz 1 vun 2)
Easy The Commodores
Now or Never Mark Medlock

Discographie änneren

Albumen änneren

Joer Albumtitel Chartclassement
DE AT CH
2007 Mr. Lonely 1
(18 Wo.)
2
(13 Wo.)
2
(14 Wo.)
Dreamcatcher (mam Dieter Bohlen) 2
(26 Wo.)
6
(9 Wo.)
14
(8 Wo.)
2008 Cloud Dancer 2
(14 Wo.)
6
(8 Wo.)
11
(7 Wo.)
2009 Club Tropicana 3
(18 Wo.)
7
(13 Wo.)
15
(8 Wo.)
2010 Rainbow’s End 3
(18 Wo.)
7
(6 Wo.)
27
(5 Wo.)
2011 My World 22
(2 Wo.)
63
(1 Wo.)
2014 Im Nebel

Singelen änneren

Joer Singletitel Chartclassement
DE AT CH
2007 Now or Never
Mr. Lonely
1
(14 Wo.)
1
(21 Wo.)
1
(16 Wo.)
You Can Get It (feat. Dieter Bohlen)
Mr. Lonely / Dreamcatcher
1
(27 Wo.)
3
(20 Wo.)
3
(15 Wo.)
Unbelievable (feat. Dieter Bohlen)
Dreamcatcher
4
(12 Wo.)
19
(11 Wo.)
27
(5 Wo.)
2008 Summer Love
Cloud Dancer
1
(17 Wo.)
4
(15 Wo.)
14
(7 Wo.)
2009 Mamacita
Club Tropicana
2
(19 Wo.)
4
(18 Wo.)
17
(9 Wo.)
Baby Blue
Club Tropicana
4
(9 Wo.)
34
(4 Wo.)
2010 Real Love
Rainbow’s End
2
(12 Wo.)
13
(8 Wo.)
54
(2 Wo.)
Sweat (A La La La La Long) (mam Mehrzad Marashi)
New Life
2
(12 Wo.)
7
(10 Wo.)
16
(4 Wo.)
Maria Maria
Rainbow’s End
24
(4 Wo.)
2011 The Other Side of Broken
My World
55
(1 Wo.)
2013 Car Wash

Um Spaweck änneren

Commons: Mark Medlock – Biller, Videoen oder Audiodateien