Marie-Thérèse Boever

lëtzebuergesch Politikerin

D'Marie-Thérèse Boever, gebuer de 27. Dezember 1942 a gestuerwen de 6. September 2022 zu Dikrech, war eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV)[1].

Marie-Thérèse Boever
Gebuer 27. Dezember 1942
Lëtzebuerg
Gestuerwen 6. September 2022
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Si war Member vum Gemengerot vun Dikrech vun 1976 bis 1983. Se koum dunn 1984 an de Schäfferot a gouf am selwechte Joer Buergermeeschtesch, als Nofollgerin vum René Steichen, wéi dee Staatssekretär fir Landwirtschaft a Wäibau gouf. 1994 gouf se vun der Danièle Wagner als Buergermeeschtesch ofgeléist a blouf duerno nach am Gemengerot bis 1999.

Referenzen an Notten änneren

  1. Doudesannoncen an Luxemburger Wort vum 10.09.2022, S. 76